D‘Bullislawin huet och e grousse materielle Schued ugeriicht: Haiser a Brécke goufe matgerappt, Stroum- a Kommunikatiounsverbindunge goufen zerstéiert.
Den nepaleesesche Regierungschef Belandra Schah huet d‘Arméi op d‘Plaz geschéckt fir ze hëllefen. Och de chineesesche President Xi Jinping huet ordonéiert, datt all Moyene mobiliséiert gi fir ze hëllefen.
Nach ass net sécher, wat déi Bullislawin ausgeléist huet, mee et kéint e sougenannte Gletscherausbroch gewiescht sinn. Also wann e Gletscherséi vun engem Moment op den aneren ausleeft. Dat kéint duerch de ville Reen an de leschte Woche passéiert sinn.