search

/ "Massive Champion" - Getdown Services

Album vun der Woch

|
reading time

5 min

"Massive Champion" - Getdown Services

Rhythmesch, frech, an e bëssen absurd: Dat ass dem Bristoler Duo Getdown Services hir zweet Plack "Massive Champion". Energesch Beats fir den Dancefloor, réie Lo-Fi Sound a britteschen Humor erginn zesummen eppes, dat si selwer als "Depressive Disco" bezeechnen.

reading time

5 min

Getdown Services sinn den Duo Josh Law a Ben Sadler aus Bristol. Déi zwee kenne sech zënter hirer Kandheet, an hir musikalesch Zesummenaarbecht huet ursprénglech wärend dem Lockdown ugefaangen: Si hu sech Museksiddien hin an hier geschéckt, Schicht fir Schicht bäigeluecht – virun allem mam Zil, deen aneren zum Laachen ze bréngen, an de lächerlechen Anengunge vum moderne Liewen entgéint ze trieden.

Aus der gedeelter Rebellioun ass hir musikalesch Verbindung gewuess, réi an ongefiltert.

Erwuessen? Pardon?

An hirer Musek treffe sech Dance-Punk, Disco, Garage-Rock, Post-Punk, Elektronik a Spoken-Word-Elementer. Et ass e bësse wéi wa Sleaford Mods, LCD Soundsystem an eng komplett aus dem Rudder gelafe brittesch Pub-Band sech an engem Raum agespaart hätten.

Bei Getdown Services ass och d'Theema vum Song ni ganz dat, wat et fir d'éischt schéngt. Si sangen iwwer Iessen, Kierperflëssegkeeten, Heizkierper oder Jughurt – mee hannendru stiechen dacks Einsamkeet, Selbstzweifel, Klassespannungen oder d'Onsécherheet, wéi een als Erwuessenen an där heiter Welt dann eigentlech soll funktionéieren.

Datt et dobäi live, faarweg an energeetesch zougeet, hu si och hei zu Lëtzebuerg scho gewisen: Am November 2024 ware Getdown Services am De Gudde Wëllen an der Stad ze gesinn. D'Performance konnt een als eng Aart "apokalypteschen Disco" beschreiwen, mat engem explosive Mix aus Punk an Dance-Musek, monotone Vocals, britteschem Humor a verréckter Live-Energie.

Live entstanen

Ee Freide koum du "Massive Champion", den zweete Longplayer nom Kult-Debut "Crisps", eraus. An zwar goufen dës Songs net an engem rouege Studio-Retreat gebuer, mee tëschent Concerten: an de Green Rooms, op laange Fuerweeër an an de fräien Deeg op Tour.

An dobäi ass eppes geschitt: Getdown Services sinn nach ëmmer absurd, frech a komplett ongenéiert. Mee "Massive Champion" ass méi selbstbewosst a gläichzäiteg méi vulnerabel.

D'Band selwer beschreift den Album als eng Reflexioun iwwer Selbstmatleed an iwwer d'Erkenntnis, datt dat ganzt Geschwätz vum "ënnere Kand heelen" vläicht net esou domm ass. Si wollten, esou soe si, musikalesch a lyresch e bëssen "opraumen".

A genau do läit de Charme vum Album: De Witz ass net méi nëmmen eng Waff géint d'Welt, mee heiansdo och e Spigel.

"Poor Bannister" mécht dat direkt kloer. Mat sengem banjo-gefouerten Ufank kléngt de Song bal pastoral harmlos, mee d'Theema ass awer alles anescht wéi glamouréis: e Mann, dee sech am Bus spektakulär iwwergëtt. Et ass grotesk an immens komesch – bis ee mierkt, datt d'Band selwer d'Fro stellt, ob et eigentlech nach witzeg ass oder net éischter häerzzerräissend.

"I Can't Die Like That" geet méi déif. De Song ass en Ouerewuerm mat engem entspaante Bluesriff op der Gittar an engem Refrain, deen hänke bleift. Hanner deem scheinbar lockere Groove geet et ëm d'Gefill, datt déi einfachst Saachen op eemol komplizéiert ginn – esouguer d'Stierwen.

A virun allem geet et ëm déi bequeem Gefiller, un deenen ee sech festhält, och wann ee weess, datt se een net weider bréngen.

De Problem mat de Stécker am Jughurt

Dat ass ee vun de Schlësselmomenter vum Album: Getdown Services maachen aus enger existenzieller Kris en Danz-Song. Amplaz sech an der Melancholie ze verléieren, setzen si e Beat drënner.

Bei "Probiotic" geet et dann erëm méi an déi komplett verréckt Richtung. De Song erënnert un eng onbändeg Versioun vun enger T. Rex-Single – mee den Objet vun der Roserei ass, ganz à la Getdown Services: Jughurt mat Stécker dran.

De Witz funktionéiert genee, well d'Band sech musikalesch net deementspriechend verhält: De ganze Pathos vun der Rockmusek gëtt op dat aller Alldeeglechst gedréckt, esou wéi mir all Dag kleng Problemer mat der Intensitéit vun enger Weltkris behandelen.

"Cha Cha Slide" weist dann déi méi melancholesch Säit vum Album. De Song geet zeréck an d'Kandheet: blo Gedrénks, Dennis the Menace, d'Hand vun der Léierin – kleng Detailer aus enger vergaangener Welt. D'Musek ass liicht, mat engem Sprong am Schrëtt, mee encapsuléiert déi Donnie Darko-esque Melancholie vun dëser Plack, tëschent Kandheet an Erwuesseneliewen als zwou komplett verschidde Welten. 

Disco Beat am Plaz Therapie

Dat ass am Fong “Massive Champion” a senger Essenz: E Witz, dee lues a lues traureg gëtt. Eng traureg Iddi, déi op eemol danzbar gëtt. Musikalesch ass den Album méi breet wéi “Crisps”. Et ginn nervös Post-Punk-Stécker, Pub-Rock-Chaos, Disco-Grooves, méi zaart akustesch Momenter an esouguer bal trip-hop-artig Passagen.

A lyresch ass "Massive Champion" vläicht hire bis elo interessantsten Album. Déi al Getdown-Services-Strategie – "d'Welt ass schrecklech, also loosse mir se verfluchen" – gëtt hei duerch eng méi komplizéiert Fro ersat: Wat, wann net nëmmen d'Welt de Problem ass?

Wat wann dat klengt, onräift, selbstmatleedegt Kand nach ëmmer an eis all sëtzt?

D'Äntwert vu Getdown Services ass natierlech net Therapie. Et ass en Disco-Beat.

An dat mécht "Massive Champion" esou flott. Den Album refuséiert, schwéier ze ginn. Amplaz mécht en d'Luucht aus, dréint de Bass op an invitéiert eis, iwwer eisen eegene Misär ze danzen.