Als Virbild dofir déngt Venedeg: Zënter 2014 mussen do Touriste wärend der Haaptsaison, also vu ronderëm Ouschtere bis Enn Juli, eng Tax bezuelen. Déi italieenesch Stad, an där haut just nach ronn 50.000 Leit liewen, gëtt all Joer vu Milliounen Touriste besicht.
Venedeg denkt iwwer méi héich Präisser no
Dëst Joer hunn ëm déi 650.000 Visiteuren zéng Euro bezuelt, respektiv fënnef Euro wa se dräi Deeg am Viraus reservéiert hunn, fir Venedeg ze besichen. Domat huet d’Stad dëst Joer fënnef Milliounen Euro agesammelt. Esou vill wéi nach ni.
Dëse System gëtt zënter zwee Joer getest a wäert duerno warscheinlech permanent ageféiert ginn. Ob dës Mesure wierklech eppes géint de Massentourismus bewierkt, ass ze bezweifelen.
Dofir consideréiert de Buergermeeschter den Entréespräis an Zukunft an d’Luucht ze setzen. Bis zu 50 Euro kéint et kaschten. Dëst kéint awer verfassungsrechtlech Problemer mat sech bréngen, well esou een héije Montant als Aschränkung vun der Beweegungsfräiheet gedeit kéint ginn, schreift d’Noriichtenagence DPA.
Mallorca sicht no Léisungen
Scho fir dat drëtt Joer hannertenee ginn d’Mallorkiner op d’Strooss fir géint de Massentourismus ze demonstréieren.
D'Protester zu Palma op der Insel Mallorca kommen elo ee Joer virun de Regionalwalen op der Insel. Iwwerdeems wier den Datum vun der Demonstratioun bewosst matten an déi touristesch Héichsaison geluecht ginn.
Duerch déi ëmmer méi héich Visiteurszuelen an Unzuel u Vakanzewunnenge géing d’Wunnengsnout ausser Kontroll geroden, esou eng vun de Kriticken. Mat engem normalen Akommes kéint ee sech kaum méi eng Wunneng leeschten.
Och d’Verknaschte vun der Insel, Stau, Kaméidi an Ëmweltzerstéierung si laut Noperschaftsverbänn an Ëmweltschutzgruppen op de Massentourismus zeréckzeféieren.