Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Keng gutt Recolte fir d'Kärebranche

Landwirtschaft

Keng gutt Recolte fir d'Kärebranche

D’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen a Vertrieder vun der Kärebranche hunn de Moien e gemëschtene Bilan vum Karschnatz 2024 gezunn. Allgemeng gouf vun engem net schéine Joer mat vill Ree geschwat, dat de Baueren e sëlleche Problemer bereet hätt. Punktuell war d’Produktioun defizitär, well d’Käschten héich, d’Präisser ënner Drock an d’Erträg manner waren. Zu Klengbetten huet ee sech de Moien alt domat getréischt, datt d’Situatioun an den Nopeschlänner zum Deel nach méi schlecht war.

auto_stories

2 min

© Bigstock / AlexandrMusuc

Et géife grouss Ënnerscheeder tëscht de Quantitéiten a Qualitéiten an de verschiddene Regioune bestoen.

"Awer: Et ass keng gutt Recolte. D’Präisser idem: Och wann an Europa wéineg recoltéiert ginn ass, wat normalerweis géif bedeiten, Ugebuet niddreg, Nofro méi héich, Präis geet an d’Luucht, mä leider Gottes hu mer do de Weltmaart."

Minus 35 Prozent bäi verschiddene Kärenzorten

Beim Brout- an Haartweess gouf et fir d’zweet Joer noeneen eng staark Baisse vun der Recolte, seet de Jean Muller, Direkter vun der Klengbettener Millen. An engem normale Joer hätt ee ronn 15.000 Tonne Kären, dëst Joer wieren et just 9.000 Tonne gewiescht, d‘lescht Joer waren et 10.000 Tonnen „dat heescht 30, 35 Prozent manner wéi en normaalt Joer“.

Zum Volet Recolte a Maartentwécklung sot de Serge Turmes, Generaldirekter vum Verband, datt d’Kärepräisser ënner Drock waren, ënner anerem duerch d’USA, d’Ukrain a Russland.

"Mir sinn net eleng, an Europa hei. Mëttlerweil hu mer an Amerika eng Mais- a Soja-Rekordernt, an dat dréckt därmoossen op de Maart."

Keng Unzeeche fir eng Maarterhuelung

D’Präisser géifen zanter dem Rekordjoer 2022 erofgoen, ëm bis zu 14 Prozent, soudatt d’landwirtschaftlech Produkter d’Inflatioun net méi no uewen dreiwe géifen. Dem Serge Turmes no géif et och an noer Zukunft keng Unzeeche fir eng Maarterhuelung ginn.

A puncto Somproduktioun huet de Steve Turmes, Direkter vun der Saatbaugenossenschaft, gemengt, datt d’Aussaatbedingunge bis Mëtt Oktober zejoert gutt waren, mee do wier „dee ganze Misär schonn ugaangen“. Et hätt kënne manner ausgeséit ginn, obwuel een zu Lëtzebuerg, mengen „nach mat engem bloen A dovukomm“ wier.

Mat e puer Ënnerbriechunge wier dës spezifesch Recolte awer quasi normal gewiescht.

Lauschterenplay_arrow