Eng Zuel déi weider klëmmt heescht et am Communiqué aus dem Ministère.
Zu Lëtzebuerg ass den Daarmkriibs déi zweetheefegst Doudesursaach duerch Kriibs. Ma wann e fréi entdeckt gëtt kann een en 9 op 10 Kéieren heelen. Den Depistage géif deemno eng wichteg Roll spillen. D‘Participatioun um organiséierte Screening Programm wier nach niddreg ma géif permanent an d‘Luucht goen esou de Santésministère. All zwee Joer ginn Invitatiounen u Persounen tëschent 55 a 74 Joer geschéckt.