Radioen

On air

Notturno  |  Sun Smash Palace - New July

play_arrow Live
search

/ Marian Turski, President vum internationalen Auschwitzcomité, ass dout

Iwwerliewende vun Auschwitz

Marian Turski, President vum internationalen Auschwitzcomité, ass dout

Am Alter vun 98 Joer ass de Marian Turski, President vum internationale Auschwitzcomité, gestuerwen. Dee polnesche Journalist mat jiddescher Ofstamung huet d'Konzentratiouns- a Vernichtungslager Auschwitz-Birkenau iwwerlieft. 

auto_stories

1 min

De Marian Turski op der 80. Commemoratiounszeremonie zu Auschwitz | © picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel
De Marian Turski op der 80. Commemoratiounszeremonie zu Auschwitz (Foto: picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel)

De Comité Auschwitz Lëtzebuerg wierdegt an engem Communiqué dem Marian Turski säin Asaz fir d'Erënnerung un den Holocaust um Liewen ze halen an ëmmer nees virum Antisemitismus ze warnen. Dat hat hie rezent nach de 27. Januar gemaach, a senger Ried bei der Commemoratioun vum 80. Joresdag vun der Liberatioun vun Auschwitz.