Radioen

On air

Moiesstudio  |  De Wanter ass scho laang do

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marc Spautz: HUT ass weider Erklärunge schëlleg

Firwat keen transfert d'entreprise?

Marc Spautz: HUT ass weider Erklärunge schëlleg

D'Lëtzebuerger Aarbechtsrecht wier kloer an hie kéint net verstoen, firwat d'Personal vun der Caritas net einfach per transfert d'entreprise an déi nei Entitéit HUT iwwerdroe gi wier. Dat seet den CSV-Deputéierte Marc Spautz am 100,7-Interview.

auto_stories

1 min

headphones

8 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

HUT wier och no der Pressekonferenz vun en Dënschdeg Erklärunge schëlleg, sou de Marc Spautz, deen et awer begréisst, datt elo déi meeschte Caritas-Salariée vun HUT iwwerholl gi sinn a weider eng Aarbechtsplaz hunn. Elo misste Geriichter decidéieren, ob d'Virgoen an dësem Fall legal war, oder net.

Ee Grond firwat HUT sech géint ee regulären transfert d'entreprise entscheet huet, wier warscheinlech, datt een d'Generaldirektioun vun der Caritas net hätt wëlle mat iwwerhuelen, sou de Marc Spautz. Weider Erkärunge kéint just HUT selwer ginn.

De Mëttwoch de Moie sinn an der Chamber direkt 7 Kommissioune beieneen, fir iwwer de Fall Caritas ze schwätzen.

De Maurice Molitor am Gespréich mam Marc Spautz

Lauschterenplay_arrow