Radioen

On air

Notturno  |  Grizzly Bear - While You Wait For The Others

play_arrow Live
search

/ Marc Crochet: HUT ASBL hätt net misse gegrënnt ginn

Chamberspezialkommissioun Caritas

Marc Crochet: HUT ASBL hätt net misse gegrënnt ginn

An der Spezialkommissioun Caritas war den deemolege Generaldirekter Marc Crochet invitéiert. Hie wier der Meenung, datt et duerchaus intra-Caritas Léisunge ginn hätt fir déi national Aktivitéiten vun der Organisatioun no der Fraude vun iwwer 60 Milliounen Euro ze iwwerhuelen. Déi nei Entitéit HUT hätt deemno a sengen Aen net misse gegrënnt ginn, sou d’Deputéiert no der Sëtzung. 

auto_stories

3 min

Fréiere Caritas Generaldirekter Marc Crochet (l.), Me François Prum (r.) | © Chambre des Députés
Fréiere Caritas Generaldirekter Marc Crochet (l.), Me François Prum (r.) (Foto: Chambre des Députés)

Hien hätt iwwerdeems zouginn, datt et seng Responsabilitéit gewiescht wier fir d’Finanzfraude bei der Hëllefsorganisatioun éischter festzestellen. Dat sot de Piratendeputéierte Sven Clement no der Entrevue vun der Spezialkommissioun. De Marc Crochet hätt och scho länger e gewëssent Mësstraue vis-à-vis vun der Finanzdirektesch gehat. Leider hätt hien net dorop reagéiert, esou de President vun der Kommissioun, de Charel Weiler.

No der Sëtzung hunn d’Deputéiert an den Affekot vum fréieren Direkter erkläert, de Marc Crochet wier der Meenung, datt et nom Finanzbedruch bei der ONG Méiglechkeete gi wieren, fir d’Caritas ze retten a fir net missen déi nei asbl HUT ze grënnen. D’Oppositioun an d’Regierungsparteie ginn ënnerschiddlech mat där Ausso vum fréieren Direkter ëm.

LSAP a Marc Crochet op enger Linn

D’Oppositoun wërft ëmmer nees an de Raum, datt et kee politesche Wëlle ginn hätt fir d’Caritas ze retten, well déi kritesch Stëmm net erwënscht gewiescht wier, esou ënner anerem d’LSAP-Deputéiert a Vizepresidentin vun der Spezialkommissioun Taina Bofferding, déi sech och op de Marc Crochet berifft. Dësen hat an der Kommissioun erkläert, et hätt ee kënnen iwwer d'ASBL fueren an et hätt och nach d'Méiglechkeet vun der Confederatioun Caritas an déi vun der Fondatioun Cécile Ginter gehat.

"Et hätt een net missten eppes komplett Neies maachen. An hien (n.d.l.r.: de Marc Crochet) ass frou, datt d'Leit konnten an der Aarbecht bleiwen. Mee hie seet awer ganz kloer, hien hätt léiwer eng aner Optioun gehat, well et ass och net kloer, ob wéi enge Wäerter HUT sech jo baséiert."

Fir d'DP hätt de Marc Crochet éischter reagéiere kënnen

Fir d’Regierungsparteien DP an CSV waren d’Aussoe vum fréiere Generaldirekter awer net eng Bestätegung vum Androck vu bis elo – am Géigendeel. Fir d’Carole Hartmann vun der DP waren d’Aussoe vum Marc Crochet iwwer alternativ intra-Caritas Léisungen seng eege Meenung. Dee wichtege Moment fir d’DP-Deputéiert war éischter, datt de Marc Crochet drop higewisen huet, datt et scho länger Problemer an der Gouvernance ginn hätt.

"Wat ech interessant fonnt hu vum Marc Crochet, dat ass, datt hien u sech selwer gesot huet, datt hien och, wéi en nach do war (…) och Kontakt opgeholl huet mat PWC, well et de Constat war, datt si als Direktioun oder respektiv als Caritas och déi ganz Situatioun net méi selwer konnte geréieren."

De President vun der Spezialkommissioun, den CSV-Deputéierte Charel Weiler, deelt d’Aschätzung vun der Carole Hartmann. D’Kommissioun hätt an de leschte Méint vill Verschiddenes ze héiere kritt an dat wéilt hien elo mat sou vill Neutralitéit wéi méiglech analyséieren, sou de Charel Weiler, iert d’Kommissioun virum Summer hir Konklusiounen zéie wäert.

D'Kommissioun huet nach keng Réckmeldung vun de Banken a vum Reviseur

D’Spezialkommissioun huet och déi concernéiert Banken an de Reviseur vun der Caritas agelueden. Dës hunn hir Presenz awer nach net confirméiert, sou d’Deputéiert no der Spezial-Kommissioun.

Bei der Caritas goufen zejoert 61 Milliounen Euro detournéiert. D'Enquête vun der Justiz leeft nach.