arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mann huet an der Äifel Schëss ofginn an eng Polizistin blesséiert

Däitschland

|
reading time

1 min

Mann huet an der Äifel Schëss ofginn an eng Polizistin blesséiert

Bei engem Policeasaz zu Prüm an der Äifel huet ee 25 Joer ale Mann mat enger Waff Schëss ofginn. Dobäi soll eng Polizistin liicht blesséiert gi sinn. Dat deelt d‘Police vun Tréier mat.

reading time

1 min

© weyo/Adobe Stock
(Foto: weyo/Adobe Stock)

D‘Police wier op d‘Plaz geruff ginn, well een an der Strooss randaléiert hätt, esou lokal Medien. Iwwerdeems wier den Täter der Police scho bekannt. 

De Verdächtege wier a Richtung Kurpark geflücht a kéint sech den Ament do am Bësch verstoppen. D‘Police réit den Autofuerer keng Persoun matzehuelen. Iwwerdeems sollt een de Mann net uschwätzen, hie géif sech an engem psycheschen Ausnamezoustand befannen, esou d‘Police.