search

/ Eng Sakgaass aus där een net méi rauskoum: Démission collective bei ADR International

Parteien

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Eng Sakgaass aus där een net méi rauskoum: Démission collective bei ADR International

Kuerz nom ADR-Nationalkongress  zu Keespelt huet et bannent der Partei wéi et schéngt nawell gerabbelt. An der Ënnerorganisatioun ADR International ass et deemno zu enger “démission collective” komm – néng Membere vun ADR International, dorënner de Präsident, sinn zesummen zeréckgetrueden.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Dat krute mir op Nofro hi vum President vu bis elo, dem Dawid Gawlik, confirméiert deen dann och seng Parteikaart ofginn huet.

Den Essentiel hat dat haut als éischt gemellt.  

Manktem u Meenungsfräiheet

Riets ass vun engem Manque de liberté d’expression bannent der Partei esou wéi vu friemefeindlechen Ofdriftungen, déi een net méi hätt kënnen hinhuelen. Et hätt een de Kongress nach wëllen ofwaarden, fir ze kucken, ob et nach e Wee aus där Sakgaass eraus géif ginn, mee dat wier net de Fall gewiescht, esou den Dawid Gawlik.

An der Broschür, déi um Kongress verdeelt gi wier, wier d’ADR International net emol ernimmt gewiescht. Dat wier déi lescht Drëps gewiescht, déi d’Faass zum Iwwerlafe bruecht hätt. D’Parteispëtzt hätt ADR International wëllen degradéieren, esou den Dawid Gawlik.

"Zu engem Diskussiounsgrupp, dat heescht ëmgangssproochlech op Lëtzebuergesch géif ee soen zu engem Kaffiskränzchen. Ouni Representanten am Nationalkommitee an am Exekutivcomité."

Den Dawid Gawlik resüméiert, wann een an den zwee Gremien net representéiert ass, hätt een de facto och keen Afloss méi op déi reell Politik.

Et wier alles gemaach ginn, fir d’ADR International esou kleng wéi méiglech ze halen, esou den Dawid Gawlik. D’Ënnerorganisatioun hätt eng 12 bis 20 aktiv Membere gezielt, deenen hirt Zil et gewiescht wier, déi auslännesch Matbierger:innen anzebannen, fir vun hiren Erfarungen ze léieren.

"Initiative sinn ënnerdréckt a sabotéiert ginn"

D’Reunioune wieren dann och op Franséisch oder Englesch ofgehale ginn, an net op Lëtzebuergesch. Ma dat wier net erwënscht gewiescht.

"Et ass esou, datt d'Partei no baussen deelweis eng schlecht Reputatioun huet. Dat si Prejugéen, déi zum Gléck gréisstendeels net berechtegt sinn. Leider sinn et natierlech och Elementer dovunner, déi berechtegt sinn."

D‘Partei hätt mat dësem internationale Grupp ee gutt Instrument gehat, fir deem entgéint ze wierken, sot nach den Dawid Gawlik. „Amplaz déi Chance ze notzen, sinn eis Initiativen ënnerdréckt ginn a souguer deelweis sabotéiert ginn.“

Alexandra Schoos: Grupp gëtt nei opgestallt

D’Partei géif net méi déi Wäerter vertrieden, fir déi hien hir deemools bäigetruede wier, esou nach den David Gawlik, dee seng Parteikaart dann och elo ofginn huet.

D’ADR-Parteipresidentin Alexandra Schoos huet sech op Nofro vum 100,7 hin iwwerrascht gewisen a schwätzt vu “perséinlechen Hannergrënn”, dëst och well den neie Comité vum ADR International zënter der rezenter Assemblée générale nach guer net festgestanen hätt. Beim Parteikongress de Sonndeg jiddefalls hätt kee mat hir d’ Gespréich gesicht, et wier een Owes schrëftlech iwwert dës Decisioun informéiert ginn. Eppes stellt d’Alexdandra Schoos awer kloer: ADR International géif et och weiderhi ginn, an et géif sech elo nei opstellen. 

play_arrow Lauschteren