Radioen

On air

Grousse Kino  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Mäna: Mäi Song fir Basel ass voller Drama

Countdown fir Basel: Wie sinn d'LSC-Finalisten?

Mäna: Mäi Song fir Basel ass voller Drama

An eiser Serie, an där mir Iech déi 7 Finaliste vum Luxembourg Song Contest virstellen, ass et un der jéngster Kandidatin: Déi 23 Joer jonk Mäna. Si huet schonn am Alter vun 10 Joer ugefaangen, Solfège ze léieren, fir kënne Gei ze spillen.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

D'Mäna wollt onbedéngt Gei léieren, well si e grousse Fan vum Lindyey Stirling ass. Duerno huet si och geléiert, Querflütt ze spillen, an dann ass och nach de Pop-Rock Gesang dobäi komm. D’Mäna konnt esou scho vill Bünenerfarung sammelen. An dat nieft hirem Studium fir Léierin ze ginn.

Eegen Iddie mat abannen

Och d’lescht Joer schonn huet d’Mäna, déi eigentlech Alexia Rodrigues heescht, sech fir d’Auditions gemellt gehat. Do huet si Produzenten aus Schwede kennegeléiert, déi duerno de Song geschriwwen hunn, mat deem d’Mäna et dëst Joer bis an d’Finall gepackt huet. An dee Song wier voller Drama, wéi d’Sängerin am 100,7-Interview scho verroden huet. Interessanterweis wier d’Mäna u sech, wéi si sech selwer beschreift, eng zimmlech schei Persoun. Mee op der Bün lieft si awer fir grouss Optrëtter, dofir géif de Song trotzdeem bei si passen.

“Also vue datt mir jo ganz vill matenee geschwat haten a mir alleguer e bësse matkritt hunn, wéi et a jidderengem sengem Liewen ausgesäit, soen ech mir, ech hätt elo dee Song net geholl, wann en net mat mir kompatibel wier, wann ech mech net dra wuel géif fillen. Mee si kenne mäi Stil a si kenne mech, an ech mengen dat huet eebe ganz vill matgespillt."

D'Mäna hätt och nach ëmmer de Fräiraum, fir de Song u si perséinlech unzepassen. Et stécht also e groussen Echangen hannert der Produktioun vun deem Lidd, an et kréich een net einfach eppes dohigestallt, wat een net verännere kéint. Ganz nom Motto: "Wann s du nach Iddien hues, setz dobäi. Mir bauen zesummen an da gëtt et eppes Grousses.”

100,7-Freundebuch

An och d’Mäna huet sech eiser klenger Challenge gestallt, wou si follgend 4 Sätz komplettéiere misst.

Den LSC bedeit fir mech ...

Eng grouss Chance kënnen e Song op enger mega cooler Bün ze presentéieren.

Mat Lëtzebuerg verbannen ech ...

Déi ganz Multikultur an d'Opportunitéiten, déi een hei kritt.

Mäi Song fir den ESC zeechent sech aus duerch ...

Den Drama.

Mäi Liblings-Eurovisiounslidd ass ...

Et ass de Song “Amar Pelos Dois” vum Salvador Sobral, den absolutte Lieblingssong vu mir. Am Fong ass et komplett de Géigendeel vum Song, deen ech elo hunn. En ass sou einfach, awer esou emotional, an e war einfach mega inzenéiert. Einfach intim a vulnerabel an awer wow.

Lauschterenplay_arrow