Radioen

On air

Notturno  |  Kadhja Bonet - Nobody Other

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mamer Lycée: SEW appelléiert un de Ministère fir konstruktiv Gespréicher

Educatioun

Mamer Lycée: SEW appelléiert un de Ministère fir konstruktiv Gespréicher

Den SEW fuerdert e konstruktiven Dialog fir Rou am Mamer Lycée ze kréien. D‘Enseignantsgewerkschaft ass verwonnert iwwert den neie Revirement vum Educatiounsministère. Dräi Mataarbechter hätten nämlech rezent een "ordre de justification" kritt.

auto_stories

1 min

Nodeems sech eigentlech Gewerkschaft a Ministère eens gewiescht wieren, datt soll Rou an den Dossier kommen, an nodeems den Direkter och decidéiert huet, keen neit Mandat méi unzestriewen, géif den Educatiounsministère elo rëm vun engem Konflikt tëscht Eenzelpersoune schwätzen.

3 Mataarbechter hätte rezent en „Ordre de justification“ kritt. Dobäi wier gewosst, datt d‘Situatioun am Mamer Lycée ganz ugespaant ass, wat och eng Ëmfro kloer erginn hat. Den SEW stellt fest, dass d‘Situatioun sech elo rëm verschlechtert huet no dësen disziplinaresche Mesuren.

Den SEW appelléiert un de Ministère fir konstruktiv Gespréicher, fir endlech Rou an de Lycée ze kréien.