Radioen

On air

Simon Says  |  Alex Ebert - Truth

play_arrow Live
search

/ SEW/OGBL: Intern Dysfonctionnementer am Mamer Lycée

Gewerkschaft schléit Alarm

SEW/OGBL: Intern Dysfonctionnementer am Mamer Lycée

D’Gewerkschaft SEW/OGBL kritiséiert, datt et am Lycée Josy Barthel zu Mamer ee Klima vun Angscht an Ënnerdréckung géif ginn. Rieds geet vun engem Kommunikatiounsproblem mat der Direktioun a vun engem ongesonden Aarbechtsklima an dëser Schoul mat 1.250 Schüler.

auto_stories

2 min

Den SEW/OGBL schwätzt vun “internen Dysfonctionnementer” am Lycée zu Mamer. D’Gewerkschaft weess eegener Ausso no schonn zënter méi wéi engem hallwe Joer vun interne Problemer.

Eng Rei Mesuren, déi Ufank vun dësem Joer ënnerholl gi waren, dorënner ee Coaching vun der Direktioun, hätten awer net déi gewënschte Resultater bruecht, bedauert d’Spriecherin vum SEW/OGBL Vera Dockendorf.

"Mir waren eigentlech selwer zimmlech erféiert, wéi schlecht d’Stëmmung awer trotzdeem am Lycée nach ass."

Eng Personalëmfro vun der Gewerkschaft de virleschte Mount huet gewisen, datt néng vun zéng Leit, vun enger ugespaanter oder ganz ugespaanter Situatioun am Lycée zu Mamer schwätzen.

Personal hätt Angscht "um Radar ze landen"

D’Gewerkschaft huet och festgestallt, datt de Féierungsstil vun der Direktioun sech net verbessert hätt, erkläert de Gilles Bestgen vum SEW/OGBL. D'Leit géife sech onwuel fillen op der Aarbecht an dat géif weder un der Schülerschaft nach der Aarbecht selwer leien. "Mee eben déi Atmosphär déi do ass.", esou de Gilles Bestgen.

Deeler vum Personal am Mamer Lycée hätten d’Gefill ënner Drock gesat ze ginn, an hätten Angscht “op de Radar ze geroden”, kritiséiert d’Vera Dockendorf.

"Et fillt ee sech beobachtet, soen d’Leit. Si soen oft, datt si Angscht hunn, datt wa si eppes soen, datt dat eventuell op der falscher Plaz lant, an datt si dowéinst Konsequenze kréien."

Claude Meisch: Situatioun preocuppéiert eis

Den Educatiounsminister confirméiert op Nofro hin, datt am Lycée zu Mamer de Poste vun engem drëtten Directeur-adjoint soll geschafe ginn: an de Claude Meisch ass sech de Problemer an dësem Lycée bewosst.

"Fait ass awer, dass et ee Malaise gouf an och gëtt an där Schoul. An dat preoccupéiert eis."

Den Direkter vum Lycée Josy Barthel zu Mamer wëllt sech net zu de Kriticken äusseren, wéi hien eis matgedeelt huet. “Mir hu grad ganz vill Aarbecht wéinst dem Schluss vum Joer”, esou de Claude Christnach, deen un den Educatiounsministère verweist.

Envisagéiert den Educatiounsminister Moossnamen ze huele fir d’Klima am Lycée Josy Barthel zu Mamer ze verbesseren? Dat wëllt iwwerdeems d’Francine Closener wëssen, an hat Enn Juni eng parlamentaresch Fro un de Claude Meisch geschéckt. D’LSAP-Deputéiert freet doran och, ob et stëmmt, datt aussergewéinlech vill Enseignanten an de leschte Joren de Lycée zu Mamer verlooss hunn. Eng Äntwert dorop läit nach net vir.

Aktualitéit
Edukatioun