Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mam Zil Europaplaz zu Schengen: Weider däitsch Bauereprotester am Grenzgebitt

Massive Stau op den Autobunnen

Mam Zil Europaplaz zu Schengen: Weider däitsch Bauereprotester am Grenzgebitt

Däitsch Baueren an Transporteuren hunn op een neits den Trafic am Grenzgebitt gestéiert. Si hu verschidde Grenziwwergäng op Lëtzebuerg an Autobunnsopfaarte blockéiert, fir ënnert anerem géint d’Politik vun der däitscher Regierung ze protestéieren. D’Konsequenze vun den Aktioune wiere massiv Stauen am Beruffstrafic gewiescht, esou d’Police vun Tréier.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Bauereprotest Däitschland | © picture alliance/dpa | Bernd Weißbrod play_arrow
Bauereprotest Däitschland (Foto: picture alliance/dpa | Bernd Weißbrod)

Der Police vun Tréier no goufe schonn an der Nuecht Heebotten a Mëscht op der Grenz Wellen/Gréiwemaacher ofgelueden. Fir d’Strooss ze blockéiere goufen och Trakteren agesat. D’Grenz tëschent Wincheringen a Wuermer gouf kuerz drop blockéiert.

Keng Demonstratioun war ugemellt

Et géif ee vun am ganzen engen 100 Gefierer ausgoen, déi haut bedeelegt waren, esou de Marc Fleischmann vun der Police zu Tréier.

"Zum Teil begann das schon in der Nacht gegen 03:30 beispielsweise in Wellen und hat sich heute in die Morgenstunden bis 07:30 – 0745 hingezogen. Dann begann es, dass sich alles auflöst. Hat natürlich zu massiven Verkehrbeeinträchtigungen im Berufsverkehr geführt."

Keng vun de Bauerendemonstratioune vun de Moie wier ugemellt gewiescht.

"Nein, das waren sie nicht. Deswegen sind auch entsprechende Ermittlungsverfahren wegen Verstössen (...) eingeleitet worden."

Net vun de Protester vun haut betraff waren d’Bréck bei Waasserbëlleg an d’Autobunn Saarbrécken – Lëtzebuerg, schreift den Trierischer Volksfreund.

Alles friddlech verlaf zu Schengen

Och am Saarland waren de Moien awer Bauereprotester am Grenzgebitt mat Lëtzebuerg a Frankräich, mellt de Saarländischer Rundfunk. Och do waren d’Aktiounen net ugekënnegt ginn. D’Zil vun dëse Protester wier Schengen, fir do op der Europaplaz fir besser Konditiounen ze protestéieren. D’Police aus Lëtzebuerg a Frankräich wier op der Plaz, esou den SR.

An déi Lëtzebuerger Police confirméiert, datt Lëtzebuerger Beamten de Moien op der Plaz zu Schengen waren: véier Traktere wieren am Laf vum Moie beim Monument gewiescht, an alles wier friddlech verlaf.

Lauschterenplay_arrow