Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Tom Misch, Poppy Ajudha - Disco Yes

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ “Make Amazon Pay” rifft zum Protest géint Amazon op

Streik

“Make Amazon Pay” rifft zum Protest géint Amazon op

13 Lëtzebuerger Associatioune ruffe fir muer zu enger Protestaktioun géint Amazon op. Si sinn Deel vum Netzwierk “Make Amazon Pay”, engem internationalen Zesummeschloss vun iwwer 80 Organisatiounen, déi eegenen Donnéeën no méi wéi 20 Millioune Salariéen aus 150 Länner vertrieden.

auto_stories

1 min

Amazon ass den zweetgréissten Employeur hei am Land mat 4.570 Mataarbechter op den 1. Januar. De Konzern géif den Ament iwwerall massiv Leit entloossen, och zu Lëtzebuerg, ouni datt awer déi national Gewerkschaften implizéiert wieren. Dat kritiséieren ënnert anerem den OGBL, Déi Lénk, déi jonk Gréng a Greenpeace.

Och a Saache Klimaschutz wier d‘Online-Handelsplattform kee Musterschüler. Am aktuellen Trend hätt Amazon säin CO2-Ausstouss eréischt am Joer 2387 op 0 reduzéiert. De Betrib géif senge Flichten nëmmen nokommen, wann en dozou géif gezwonge ginn, behaapt Make Amazon Pay. D‘Streikaktioun ass geplangt fir muer an der Mëttegstonn um Hamilius an der Stad.