Der Weltgesondheetsorganisatioun no sinn an Tëschenzäit 20 vu 36 Spideeler a Gaza net méi operationell, wéinst de schwéiere Bombardementer, Zerstéierungen an dem Manktem u medezineschem Material. Déi aner Cliniquë géifen och just nach am Noutbetrib lafen, well net genuch Stroum an Equipement do wier, fir d‘Patienten ze versuergen.
Den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres huet iwwerdeems fir e Méindeg Moien zu enger Gedenkminutt fir déi verstuerwe Mataarbechter vun der UNO opgeruff. Zanter dem Ufank vum Krich wieren 99 vun hire Mataarbechter als Konsequenz vun israeeleschen Attackenan der Gazasträif ëm d‘Liewe komm, huet e Spriecher vun de Vereenten Natioune matgedeelt.
Palestinenseschen Autonomiesbrüro wëll voll Kontroll iwwerhuelen
De Präsident vum palestinenseschen Autonomiesbüro Mahmud Abbas huet op en neist erkläert, datt seng Organisatioun d‘Kontroll iwwer d'Gazasträif géif iwwerhuelen. Dat fir de Fall wou et zu engem Accord an aneger Zwee-Staate Léisung kënnt. „Mier wäerten dee Moment eis voll politesch Responsabilitéit iwwerhuelen an eng Regierung op d‘Bee stellen“, sou den Abbas.
Gemengt ass d‘Schafe vun engem onofhängege palestinensesche Staat mam Westjordanland an der Gazasträif, sou wéi et déi international Accorden eigentlech virgesinn haten. Déi aktuell rietsreliéis Regierung an Israel ass allerdéngs strikt géint d‘Schafe vun engem palestinensesche Staat.