Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Homer - So Get Up! Feat. MINOVA and Michael Rault

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Groussbritannien: Mat Monarchie beim Donald Trump punkten

Keir Starmer an Donald Trump

Groussbritannien: Mat Monarchie beim Donald Trump punkten

De brittesche Premier Keir Starmer huet sech gëschter mam Donald Trump zu Washington getraff, an hien huet sech all Méi ginn, den amerikanesche President gutt ze stëmmen. Esouguer d'Monarchie huet him dobäi gehollef. Huet dat sech schlussendlech gelount?

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Keir Starmer | © picture alliance / Photoshot play_arrow
Keir Starmer (Foto: picture alliance / Photoshot )

De Keir Starmer war fir säi Meeting mam Donald Trump immens gutt virbereet. Kuerz viru senger Rees hat en ugekënnegt, datt Groussbritannien seng Verdeedegungsdepensen erhéije géing. Genau wéi den Donald Trump et vun Nato Membere fuerdert.

Mee gëschter huet de Keir Starmer eng Enveloppe aus dem Paltong gezunn, déi dem Donald Trump immens gefall huet. An zwar war dat ee Bréif vum Kinnek Charles, deen den Amerikanesche President op eng Staatsvisitt invitéiert. Den Donald Trump ass bekanntlech ee grousse Fan vun der brittescher Monarchie, an e war siichtbar geréiert.

Aussergewéinleche Geste

Normalerweis kréien U.S. Presidenten an hirer zweeter Amtszäit keng offiziell Staatsvisitt ugebueden. De Keir Starmer huet betount wei aussergewéinlech dëse Geste wier, an dat, bal wei den Donald Trump selwer, mat ganz einfache Wierder a mat ville Superlativen.

"Dat hei ass ganz aussergewéinlech, dat ass nach ni geschitt, an ech mengen dat symboliséiert d’Kraaft vun der Bezéiung tëscht eis. Dat hei ass e ganz spezielle Bréif an ech mengen di lescht Staatsvisitt war ee risege Succès, an ech mengen de Kinnek well et des Kéier nach besser maachen."

Eng zweet Staatsvisitt, wier wierklech historesch, sou de Keir Starmer.

Donald Trump freet sech op déi brittesch Monarchie

Den Donald Trump, dee jo bekanntlech e grousse Fan vun der brittescher Monarchie ass, war begeeschtert.

"D'Äntwert ass jo. Ech freë mech fir dohin a fir de Kinnek ze éieren an äert Land ze éieren, äert Land ass ee fantastescht Land an et ass mir eng Éier do ze sinn, merci."

Sou den Donald Trump, deen de Kinnek als "beautiful man, a wonderful man" beschriwwen huet.

Dat ass natierlech eppes, wat d'Europäesch Leader dem Donald Trump net bidde kennen. An et schéngt sech gelount ze hunn, well den Donald Trump sot nom Meeting, hie wéilt een Handelsofkommes mat Groussbritannie schléissen. Eppes wat fir Groussbritannien zumools nom Brexit immens wichteg wier.

D’Special Relationship tëscht Amerika a Groussbritannien déi steet also nach ëmmer, jiddefalls soulaang wéi den Donald Trump zefridde gestallt ass. 

Lauschterenplay_arrow