De Mohammed Al Ahel hätt als Techniker an engem Labo vun MSF geschafft. Hie wier bei sech Doheem gewiescht an engem Flüchtlingscamp. D‘Gebai wier bombardéiert ginn an an de Koup gefall. Dosende Leit wieren ëm d‘Liewe komm, sou de Communiqué vun MSF Lëtzebuerg.
Medecins Sans Frontières widderhëlt hiren Appell, datt direkt ee Waffestëllstand misst deklaréiert ginn. Et wier kloer, datt et an der ganzer Gazasträif kéng Plaz géif ginn, déi sécher wier virun de „brutalen a blanne Bombardementer“, sou MSF Lëtzebuerg.