Den Educatiounsminister Claude Meisch huet sech d'Grondschoul "Op der Gewännchen" fir seng Rentrées-Visitt erausgesicht. Wat ass un der Réimecher Schoul esou spezifesch?
An dëser Grondschoul ginn et iwwerduerchschnëttlech vill Kanner, déi extra gär an d’Schoul ginn, an eng gutt Relatioun mat hirem Enseignant hunn.
Zueleméisseg ginn et och vill Kanner, déi eng extra Ënnerstëtzung brauchen. Iwwerdeems ginn och zum Beispill just 20 Prozent vun hei an de Secondaire classique orientéiert. National sinn et 40 Prozent.
Mat der Schoulpresidentin an dem Regionaldirekter vu Réimech huet d'Christiane Kleer geschwat.