Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité vum Dag: Lynn Beining a Marco Suman

Schoulrentrée

Invité vum Dag: Lynn Beining a Marco Suman

Um 10 Auer de Moie mécht den Educatiounsminister Claude Meisch seng Rentrées-Visitt zu Réimech, wou hie sech d’Grondschoul "Op der Gewännchen" wäert ukucken an do mat de Schülerinnen a Schüler, grad wéi den Enseignanten an Enseignanteë wäert an d’Gespréich kommen. 

auto_stories

1 min

headphones

12 min

Lynn Beining & Marco Suman | © Christiane Kleer play_arrow
De Marco Suman an d'Lynn Beining. (Foto: Christiane Kleer)

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet sech d'Grondschoul "Op der Gewännchen" fir seng Rentrées-Visitt erausgesicht. Wat ass un der Réimecher Schoul esou spezifesch?

D'Grondschoul zu Réimech. | © Christiane Kleer
D'Grondschoul zu Réimech. (Foto: Christiane Kleer)

An dëser Grondschoul ginn et iwwerduerchschnëttlech vill Kanner, déi extra gär an d’Schoul ginn, an eng gutt Relatioun mat hirem Enseignant hunn.
Zueleméisseg ginn et och vill Kanner, déi eng extra Ënnerstëtzung brauchen. Iwwerdeems ginn och zum Beispill just 20 Prozent vun hei an de Secondaire classique orientéiert. National sinn et 40 Prozent.

D'Grondschoul zu Réimech. | © Christiane Kleer
D'Grondschoul zu Réimech. (Foto: Christiane Kleer)

Mat der Schoulpresidentin an dem Regionaldirekter vu Réimech huet d'Christiane Kleer geschwat.

Lauschterenplay_arrow

Edukatioun