Radioen

On air

Concert  |  Händel, Rameau a Mozart treffen op d'Louise Farrenc

play_arrow Live
search

/ Lydie Polfer: Heescheverbuet trëtt de Freideg a Kraaft

Stad Lëtzebuerg

Lydie Polfer: Heescheverbuet trëtt de Freideg a Kraaft

Den Heescheverbuet, dee gëschter vum Innen- an Policeminister Léon Gloden approuvéiert gouf muss elo dräi Deeg aushänken. Deemno kéint en e Freideg a Kraaft trieden, huet eis d‘Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer op Nofro hin erkläert.

auto_stories

1 min

Den Heescheverbuet géif virun allem déi organiséiert Mendicitéit viséieren. Dës wier nämlech besonnesch aggressiv, sou d‘Lydie Polfer. 

D'Lydie Polferplay_arrow

„Dofir hu mir d‘Reglement geännert, well et gëtt elo net méi ënnerscheet tëschent mendicité organisé an normaler mendicitéit. (...) Dofir ass dat eent An dat anert elo strofbar. Mee ech ginn der Police do mäi ganzt Vertrauen, well si behuele sech ganz aneschters.“

D‘Geldstrofen bei engem Verstouss géint den Hescheverbuet kéinte 25 bis 250 Euro bedroen, esou nach d‘Stater Buergermeeschtesch.