Luxlait confirméiert: Prinzipiell Léisung fir d'EKABE-Bauere läit um Dësch
Fir d’Bauere vun der EKABE läit eng prinzipiell Léisung um Dësch. Dat huet de Luxlait-President Marc Reiners confirméiert, RTL hat dat fir d’éischt gemellt. Muer de Mëtteg gëtt et op enger Pressekonferenz Prezisiounen dozou, seet de President vun der Luxlait.
Deemno war gëschter eng Reunioun bei der Luxlait. Dobäi kruten déi 68 concernéiert Betriber e Kontrakt virgeluecht, dee si bis de 25. September d’Zäit hunn, ze ënnerschreiwen oder net.
Viru knapp véier Méint war jo bekannt ginn, datt d'EKABE, déi zum franséische Grupp Lactalis gehéiert, de Kontrakt mat de Lëtzebuerger Mëllechbaueren auslafe léisst an hir Mëllech just nach bis Enn Mäerz 2027 unhëlt.