Beim Usaz fir d‘Landung huet ee Sensor ugewisen, datt de rietsen Train d‘atterissage net an enger locked Position war, sot de Luxair Generaldirekter Gilles Feith um Donneschdegowend bei RTL. Et gouf nom Problem gesicht, a schliisslech decidéiert, awer ze landen.
De Fliger war virdrun eng Stonn iwwer Nice gekreest. D‘Passagéier hu missen eng Sécherheetspositioun anhuelen. D‘Landung wier dunn awer ouni Problem iwwer d‘Bün gaangen.
Déi 74 Passagéier hunn de Fliger zu Nice op der Landepist verlooss. De Fluchhafe war op eng Noutsituatioun preparéiert, esou de Gilles Feith. Ënner anerem waren d'Pompjeeë mobiliséiert. Wéinst dem Virfall war och de Fluchtrafick zu Nice eng Zäit ënnerbrach.