Radioen

On air

9 bis 1  |  Stella - Adagio

play_arrow Live
search

/ LuxTrust Token gëtt definitv deaktivéiert

Vum 31. Dezember un

LuxTrust Token gëtt definitv deaktivéiert

LuxTrust deelt mat, datt den Token den 31. Dezember dëst Joer definitiv desaktivéiert gëtt. Den Token gëtt vun deem Moment un also net méi acceptéiert fir sech ze authentifizéieren oder Transaktiounen ze confirméieren.

auto_stories

1 min

© Luxtrust
(Foto: Luxtrust)

Persounen déi den Token nach benotzen, musse sech iwwer d‘Applikatioun LuxTrust Mobile umellen. Utilisateure vun enger Smartcard LuxTrust sinn net concernéiert.

Et wier eng nei Etapp fir d‘Sécherheet bei den Online-Transaktiounen zu Lëtzebuerg ze verstäerken, heescht et am Communiqué vu Luxtrust. Dat fir den ëmmer méi héije Sécherheetsufuerderunge gerecht ze ginn an den Zougang zum Online-Banking ze vereinfachen.