Seng Koalitioun vun der demokratescher Allianz huet d'Wale gewonnen, mee déi riets-extreem Partei Chega gouf zweetstäerkste Kraaft. Ee Grond fir hire Succès waren och déi vill Stëmme vu portugisesche Wieler a Wielerinnen a Frankräich, der Schwäiz an zu Lëtzebuerg.
arrow_back_ios
search
Portugal
|Luís Montenegro bleift portugisesche Premier
A Portugal bleift de Luís Montenegro Premier. Dee konservative Politiker gouf vum President Marcelo Rebelo de Sousa nees zu Regierungschef ernannt. Hie wäert elo den Optrag kréien, eng Regierung ze forméieren.
Luís Montenegro (Foto: picture alliance / NurPhoto | Rita Franca)