Radioen

On air

Notturno  |  BrhyM, Bruce Hornsby & yMusic - Deep Blue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lufthansa-Streik geet virun - Och Flich op Lëtzebuerg si betraff

Däitschland

Lufthansa-Streik geet virun - Och Flich op Lëtzebuerg si betraff

Bei der gréisster däitscher Fluggesellschaft Lufthansa ass haut nees e Streik. 80 bis 90 Prozent vun de Lufthansa Flich falen aus. Dorënner och d‘Flich vu Lëtzebuerg op Frankfurt a München a vun do heihinner.

auto_stories

1 min

Lufthansa-Fliger | © picture alliance / Eibner-Pressefoto | Eibner-Pressefoto/Marcel von Fehrn
Foto: picture alliance / Eibner-Pressefoto | Eibner-Pressefoto/Marcel von Fehrn

Nieft Frankfurt a München sinn och nach d‘Fluchhäfen Hamburg, Berlin, Düsseldorf, Köln a Stuttgart vum Streik betraff. De Streik soll bis muer den Owend daueren. Duerno sollen d‘Tarifverhandlunge weider goen.

D‘Gewerkschaft Verdi fuerdert eng Salaireshausse vun 12,5 Prozent iwwer ee Joer fir déi ronn 25.000 Beschäftegten um Buedem. D‘Lufthansa hat d‘lescht Woch 10 Prozent méi proposéiert.