Nieft Frankfurt a München sinn och nach d‘Fluchhäfen Hamburg, Berlin, Düsseldorf, Köln a Stuttgart vum Streik betraff. De Streik soll bis muer den Owend daueren. Duerno sollen d‘Tarifverhandlunge weider goen.
D‘Gewerkschaft Verdi fuerdert eng Salaireshausse vun 12,5 Prozent iwwer ee Joer fir déi ronn 25.000 Beschäftegten um Buedem. D‘Lufthansa hat d‘lescht Woch 10 Prozent méi proposéiert.