Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Yazmin Lacey - The Feels

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Luc Frieden zum Ukrainkrich: "Kee kann Iech haut soen, wéi an engem Joer d’Situatioun ass"

Chamber

Luc Frieden zum Ukrainkrich: "Kee kann Iech haut soen, wéi an engem Joer d’Situatioun ass"

An enger Sitzung à huis clos hunn d’Deputéierten aus den zoustännege Chamberkommissiounen Informatioune vum Premier Luc Frieden kritt, iwwert d’Reunioun vum 26. Februar zu Paräis, fir d’Ënnerstëtzung fir d’Ukrain. Dat war déi Sitzung, op där de franséische President Emmanuel Macron net méi ausgeschloss hat, datt NATO-Buedemtruppen an d’Ukrain kéinte geschéckt ginn.

auto_stories

1 min

Luc Frieden | © picture alliance/dpa | Harald Tittel
Luc Frieden (Foto: picture alliance/dpa | Harald Tittel)

D’Regierung hätt net d’Absicht “zu dësem Zäitpunkt” Zaldoten an d’Ukrain ze schécken, hat de Luc Frieden schonn Enn Februar an der Chamber gesot. D’Fro, firwat hien dës Nuance gemaach hat, huet de Regierungschef no der Sitzung vun de Moien esou beäntwert:

"Well een an deem Krich vun Ufank u gesinn huet, datt all d’Länner hu missten – well de Krich méi laang gedauert huet, wéi am Ufank geduecht ginn ass - ëmmer erëm op hir Positiounen zeréckkommen. A kee kann Iech haut soen, wéi an engem Joer d’Situatioun ass."

Souwäit de Luc Frieden haut am 100,7-Interview. De Premier huet och betount, datt et ëm ganz vill géif goen: Wa Russland dëse Krich géif gewannen, wier et d’Meenung vu villen ënnert de Staats- a Regierungscheffen an Europa datt “Russland net do ophält”, esou de Lëtzebuerger Regierungschef.