Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ Luc Frieden stellt sech op eng "sportlech Zäit" mam Donald Trump an

Reaktioun vum Premier

Luc Frieden stellt sech op eng "sportlech Zäit" mam Donald Trump an

De Luc Frieden gesäit duerch d'Victoire vum Donald Trump virun allem de Krich an der Ukrain an d’Zukunft vun der NATO als schwiereg Sujeten un. Hie betount awer och, datt Amerika an Europa gemeinsam Wäerter hunn.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

© SIP / Julien Warnand play_arrow
Foto: SIP / Julien Warnand

Och wann dat Resultat fir Europäer schwéier nozevollzéie wier, wéinst dem "ongewinnte Stil vum Donald Trump, dee mir net gutt fannen", géif Amerika säi President selwer wielen, wéi de Luc Frieden betount huet. D'Zesummenaarbecht mat den USA kéint awer méi schwiereg ginn, well den Donald Trump méi imprevisibel wier. Als Europäer misst ee sech dofir zesummendinn, op militäreschem an op wirtschaftlechem Plang.

De Premier ass awer och der Iwwerzeegung, datt Amerika eng Demokratie ass, déi all President wäert iwwerliewen, och wa verschidde Punkten aus der Agenda vum Donald Trump "wäit ewech vun deem sinn, wat mir gewinnt sinn."

De Luc Frieden gleeft awer un d'amerikanesch Demokratie an dorun, datt nom Donald Trump och erëm en demokratesche President kënnt.

Lauschterenplay_arrow