De Viktor Orbán kënnt ganz selbstsécher op dësen EU-Sommet. A manner wéi engem Mount si Wale bei him doheem. Haut ass hei eng lescht Chance sech op EU-Niveau an Zeen ze setzen.
“Déi ungaresch Positioun ass ganz einfach: Mir si prett d’Ukrain ze ënnerstëtzen, wa mir eise Pëtrol kréien, dee vun hinne blockéiert gëtt.”
Et wier keng politesch Fro, mee eng existenziell fir Ungarn, esou den ungaresche Premier.
Tatsaach ass, datt et net déi éischte Blockad ass, déi déi aner EU-Länner erdroe mussen. Tatsaach ass och, datt et net ganz credibel ass, datt Ungarn wierklech der Ukrain hëllefe wéilt, wann de Pëtrol nees fléisst.
Frieden zum Orbán: "Dat geet esou net”
Wat soen déi aner Staats- a Regierungscheffen dozou?
“Mir loossen eis net vun enger Persoun stoppen”, esou d’Äntwert vum Lëtzebuerger Premier.
Hie géif dem Viktor Orbán, wann hien e begéint soen “datt dat net esou geet”, esou de Luc Frieden.
Op d’Fro, ob d’EU ee Plang B hätt, sot de Luc Frieden, datt ee Weeër géif fannen.
“Kuerzfristeg wäerte mir déi néideg Moyenen hunn. Mir wäerte Weeër fannen, fir der Ukrain ze hëllefen”
Fir de Rescht wéilt ee sech net op de Viktor Orbán konzentréieren, esou nach de Premier.
Och aner Staats- oder Regierungscheffen hu sech éischter onopgereegt iwwer déi ungaresche Blockad geäussert.
Et géif een elo vill Zäit verléieren, fir der Ukrain déi dringend gebrauchte Suen zoukommen ze loossen, sot de litauesche President Gitanas Nauseda.
Ungarn blockéiert och den 20. Sanktiounspak géint Russland
De Pëtrol wier ee Virwand, esou den Éisträicher Kanzler Christian Stocker. Et hätt Offere vun anere Länner ginn, fir Ungarn ze hëllefen. De Viktor Orbán misst sech un dat halen, wat decidéiert gouf.
De Problem ass domat awer net aus der Welt: De Viktor Orbãn a seng Regierung blockéieren den Ament och den 20. Sanktiounspak géint Russland. Och do ass kaum domat ze rechnen, datt dee Veteo geschwënn - oder nach virun de Walen - an Ungarn opgehuewe gëtt.
Krich am Iran an d'Konsequenze fir d'EU
De Krich am Iran an d’Konsequenze fir d’EU ass den Haaptsujet um EU-Sommet.
Virum EU-Sommet huet de Lëtzebuerger Premier dofir plädéiert, datt d’Situatioun am Iran deeskaléiert gëtt, datt een der Diplomatie eng Chance gëtt.
De Luc Frieden huet Attacken op d’Golfstaate vum Iran aus schaarf attackéiert.
Zur Demande vun den USA, beim Ofséchere vun der Strooss vun Hormus ze hëllefen, sot de Premier: Europa wéilt net an dee Krich eragezu ginn, dee se net ugefaangen hunn.
Den Donald Trump hätt d’Europäer net consultéiert a kéint dowéinst elo net soen, hie bräicht Hëllef.