search

/ Luc Frieden: "Spuenien huet Situatioun zu Ceuta gutt geréiert" - Bréif war "onfair"

50.000 Leit an Exklav

|
reading time

3 min

Luc Frieden: "Spuenien huet Situatioun zu Ceuta gutt geréiert" - Bréif war "onfair"

Spuenien hätt de massiven Undrang vu ronn 60.000 marokkanesche Migranten op déi spuenesch Exklav Ceuta gutt geréiert - well kee vun de Migranten et op d’europäescht Festland gepackt hätt. Dat seet de Lëtzebuerger Premierminister Luc Frieden am 100,7 Interview.

reading time

3 min

© Chambre des députés
(Foto: Chambre des députés)

Hien hätt dem spuenesche Premierminister Pedro Sanchez, seng Solidaritéit ausgedréckt, well et sengem Land gelonge wier, d’EU-Baussegrenz ze schützen. Dowéinst hätt Lëtzebuerg den oppene Bréif, deen iwwer de Weekend zirkuléiert ass, och net mat ënnerschriwwen. 

Bréif mat Kritik géint Spuenien wier "onfair"

De Luc Frieden nennt de Bréif, an deem déi spuenesch Regierung kritiséiert gëtt an deen 22 vu 27 EU-Memberlänner ënnerschriwwen hunn, "onfair". Dowéinst hätt ee sech zesumme mat Frankräich, Portugal an Irland hannert Spuenie gestallt – an d’Schreiwes net ënnerstëtzt.

"Dat ass e Grupp vu Länner, dee geleet gëtt vu virun allem der italieenescher Premierministerin an der dänescher Premierministerin, déi eigentlech eng manner europäesch Migratiounspolitik fueren, wéi mir, an déi och manner fir Schengen si wéi mir."

Baussegrenze wieren Ugeleeënheet fir ganz Europa

De Bréif géif eng Tendenz an Europa rëmspigelen, bei där verschidde Länner an der europäescher Migratiounspolitik keng Plus-value gesinn, esou de Luc Frieden. D’Sécherheet vun den EU-Baussegrenze wier awer eng europäesch Responsabilitéit déi kee Land kéint eleng léisen.

"Mir brauchen e Kampf géint Mënscheschmuggler. Mir mussen d'Aussegrenze gemeinsam schützen. Mir musse mat Drëttstaaten, wéi hei mat Marokko, zesummeschaffen. A mir mussen op jidde Fall de Schengen-System bäibehalen."

Vill vun de Länner déi de Bréif mat ënnerschriwwen hunn, wieren awer keng grouss Frënn vu Schengen, mengt de Luc Frieden. Dat wat zu Ceuta geschitt wier an d’Reaktiounen dorop géifen op jidde Fall weisen, datt weider iwwert d’Migratiounspolitik an Europa misst  diskutéiert ginn. Een Element wier fir de Luc Frieden eng besser Zesummenaarbecht mat Drëttstaaten, wéi an deem hei Fall Marokko.

"Ech mengen, datt ee muss Weeër hu vu legaler Migratioun a vun ekonomescher Kooperatioun mat enger Rei vun deene Länner, fir datt d'Leit dohanne kënne bleiwen, datt d'Leit dohanne kënne sech e Liewen, e mënschewierdegt Liewen opbauen."

Léon Gloden soll ënnersträiche wéi wichteg Schengen ass

En Dënschdeg wäert dann de Lëtzebuerger Inneminister Léon Gloden un enger Visiokonferenz vun den EU-Inneministeren deelhuelen an där et ëm d’Situatioun zu Ceuta wäert goen. De Luc Frieden fënnt et gutt, datt do de Point gemaach gëtt.

"Déi Politik, déi mer déi lescht zwee Joer gemaach hunn, huet zum Erfolleg geféiert. An den Innenminister wäert do och nach eng Kéier d'Wichtegkeet vun dem Schengenraum ervirsträichen. Deen ass wichteg fir Lëtzebuerg, deen ass wichteg fir Europa, et ass ee vun den Acquise vun Europa. Schenge fonctionéiert nëmmen, wann ee gutt kontrolléiert Baussegrenzen huet."

An dësem Fall hätt dat geklappt a Spuenien hätt seng Responsabilitéit iwwerholl, esou de Lëtzebuerger Premier.