search

/ Lübeck: Fënnef presuméiert Membere vun engem russesche Reseau goufe festgeholl

Däitschland

|
headphones

1 min

Lübeck: Fënnef presuméiert Membere vun engem russesche Reseau goufe festgeholl

An Däitschland, zu Lübeck bei Karlsruhe, goufen haut um Méindegmoie fënnef presuméiert Membere vun engem russesche Reseau festgeholl.

headphones

1 min

EPA/JAN WOITAS | © EPA/JAN WOITAS
Däitsch Police (Foto: EPA/JAN WOITAS)

De Persoune gëtt virgehäit, datt si Gidder fir déi russesch Industrie solle besuergt hunn. Iwwer eng Schäinfirma solle si Liwwerungen a Russland gemaach hunn, fir den Embargo vun der EU ze ëmgoen. Am Ganze sollen d’Membere vum Reseau 24 Rüstungsfirmen a Russland beliwwert hunn.

Eng 16.000 Liwwerungen am Wäert vun 30 Milliounen Euro sollen iwwer dee Wee a Russland gaange sinn. Wéi de Parquet zu Karlsruhe matdeelt, stoungen hanner dem Beschaffungsreseau op russescher Säit presuméiert staatlech Plazen.