Wéi d‘CFL mat deele fiert vun de Moie bis e Freideg den Owend 6 Auer keen Zuch iwwer déi lëtzebuergesch-däitsch Grenz. Betraff ass d‘Linn 30 Lëtzebuerg-Waasserbëlleg-Tréier. Zwee vun dräi Zich an der Stonn wäerten awer bis op Waasserbëlleg an zeréck fueren. Weider Informatioune ginn et op cfl.lu
Déi däitsch Gewerkschaft vun de Lokführer GDL hat zum Streik opgeruff. Hannergrond sinn déi blockéiert Tarif-Verhandlungen. D‘Deutsche Bahn probéiert juristesch virzegoen, hir Demandë, fir de Streik ze annuléieren, goufe bis elo awer vun de Geriichter ofgeleent.