Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Poem

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Loftugrëffer op d'Gazasträif gi virun - Israel warnt de Libanon

Aktuell Entwécklungen am Noen Osten

Loftugrëffer op d'Gazasträif gi virun - Israel warnt de Libanon

Hënt huet déi israeelesch Arméi erëm intensiv Loftugrëff op den Norde vun der Gazasträif gemaach. Dobäi wieren op d’mannst 55 Leit ëm d‘Liewe komm, seet déi radikal Hamas - Chifferen, déi net onofhängeg ze iwwerpreife sinn.

auto_stories

2 min

Déi israeelesch Arméi hat gëschter d‘Verstäerkung vun den Ugrëff annoncéiert. Et géif drëm goen, fir d‘Gefore vun der nächster Etappe – gemengt ass d‘Buedemoffensiv – ze reduzéieren.

Hënt huet déi israeelesch Arméi och eng Moschee am Westjordanland ugegraff. Ënnert der Moschee wier eng Zentral vun der radikaler Hamas an dem islameschen Dschihad gewiescht, seet Israel. Zwee Palestinenser sinn ëm d‘Liewe komm.

Humanitär Hëllef geet net duer

Déi humanitär Situatioun an der Gazasträif awer verschlechtert sech weider. Gëschter koum wuel éischt Hëllef a Form vun 20 Camionen, déi iwwert de Grenziwwergang Rafah gefuer sinn, dat ass awer nëmmen eng symbolesch Hëllef. Fir den 2 Millioune Leit an der ofgespaarter Gazasträif ze hëllefen, missten eng 100 Camionen den Dag era fueren, seet d‘UNO. Si huet gëschter Owend eng Feierpaus an dësem Konflikt gefuerdert. Hëllef an Hëllefsgidder sollen ouni Barriére kënne passéieren. D‘Situatioun an der Gazasträif wier katastrophal. D‘Welt misst méi maachen, esou d‘UNO.

De “Sommet fir de Fridden” bréngt keng Entspanung

Gëschter war zu Kairo an Ägypten e sougenannte Sommet fir de Fridden. Mat dobäi eng Partie Staats– a Regierungscheffen aus der Regioun, a Vertrieder vun der UNO. Israel war net invitéiert a weder d‘USA nach den Iran ware present. Schonn am Virfeld gouf et keng Hoffnung, datt dëse Sommet eng Entspanung fir de Konflikt kéint bréngen. An esou ass et dann och geschitt. Déi israeelesch Ugrëff goufe schaarf kritiséiert, mee och den Terror vun der Hamas.

D’Situatioun ëm de Libanon an d’Hisbollah spëtzt sech zou

Een israeeleschen Arméisspriecher huet de Moien de Libanon gewarnt: déi radikal Hisbollah Miliz, déi Israel all Dag méi a méi attackéiert, géif de Libanon an e Krich eran zeien, bei deem si näischt ze gewannen, a vill ze verléieren hunn.

De Lëtzebuerger Ausseministère huet gëschter vu Reesen an de Libanon ofgeroden. D‘Situatioun kéint all Ament deterioréieren.

D‘USA fäerten och eng Eskalatioun vun der Situatioun a verleeën dofir weider Waffesystemer an dat ëstlecht Mëttelmier. Dozou gehéiert ënner anerem een héichmodernt Rakéitenofwiersystem. Dat huet de Verdeedegungsminister Llyod Austin gëschter matgedeelt.