Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ Livraisouns-Plattform Goosty ass faillite - Restaurante waarden op hir Suen

Finanziell Schwieregkeeten

Livraisouns-Plattform Goosty ass faillite - Restaurante waarden op hir Suen

Déi lëtzebuergesch Livraisouns-Plattform Goosty ass faillite. Zanter August konnt d'Plattform d'Restauranten net méi fir hir Bestellunge bezuelen. D'lescht Woch huet dat Stater Bezierksgeriicht mat engem Urteel fir Kloerheet gesuergt: D'Entreprise Carlitoo, där d’Plattform Goosty gehéiert, ass faillite.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Laang gouf an der Livraisounsbranche spekuléiert, elo ass et offiziell: Goosty ass faillite. Zanter August sinn déi ronn 400 Restauranten, déi mat Goosty kooperéiert hunn, net méi fir hir Bestellunge bezuelt ginn. Dat heescht: Dausende vu Plate sinn zwar un d'Clientë geliwwert ginn, d'Restaurante kruten dofir awer kee Su.

Finanziell Schwieregkeete war en oppent Geheimnis

Dat ass och de Fall vum libaneesesche Restaurant Chiche um Lampertsbierg. Ee Mount hunn déi Responsabel gebraucht, fir ze mierken, datt si fir hir Livraisoune vu Goosty net méi remuneréiert ginn. D'Marianne Donven, Patronne vum Chiche, versicht d'Firma zënterdeem ze erreechen - ouni Chance.

"Elo hieft kee méi den Telefon op. Et huet och ni een op meng Maile reagéiert, déi ech vun Ufank September u geschéckt hunn."

Ronn 3.500 Euro wier Goosty dem Restaurant schëlleg, esou d'Marianne Donven. Ob si vill vun hire Suen zeréckkritt bei der Faillite, bezweifelt si awer.

Déi finanziell Schwieregkeete vu Goosty sinn an der Branche en oppent Geheimnis. Et wäerten deemno warscheinlech net méi vill Suen ze huele sinn. Dat dréckt och op d’Stëmmung an der Kichen.

"Wat mir méi Leed deet, dat si meng Mataarbechter. Wou ech hinnen dat erzielt hunn, ware si ganz schockéiert."

Grouss Enttäuschung bei de Grënner

D'Restaurante sinn awer net déi eenzeg, déi warscheinlech op hire Käschte wäerte setze bleiwen. Och déi dräi Grënner vu Goosty sinn am Rechtssträit mat Carlitoo, déi Goosty 2022 iwwerholl haten. Carlitoo wier de Grënner nach iwwer 300.000 Euro schëlleg, soe si. D'Enttäuschung ass grouss, erzielt den Hadrien Branca, deen d'Firma 2020 mat zwee Kolleege gegrënnt hat.

"Quand nous avons décidé de vendre Goosty, la société était en bonne santé financière, avec des perspectives solides, on répondait à une demande concrète. Et aujourd’hui on est atristé de constater que la nouvelle gestion et l’évolution du marché n’ont pas permi au projet de continuer."

Mee d'Schold un der Faillite dréit net eleng déi nei Gestioun vu Goosty. De Marché vun de Livraisounsplattformen ass hei am Land zanter der Arrivée vun Uber Eats a Wolt ufanks vum Joer méi kompetitiv ginn. Deemools, wéi den Hadrien Branca a seng Kolleege Goosty gegrënnt hunn, war déi lëtzebuergesch Plattform WeDely hir eenzeg Konkurrenz am Land.

Déi nei Gerantë vu Goosty hunn op Nofro vum 100,7 net reagéiert.

Lauschterenplay_arrow