Radioen

On air

Sot Emol  |  Änder Hirt: E Museker mat Leif a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Live-Gespréich tëschent dem Elon Musk an dem Donald Trump op X 

Trotz technesche Problemer

Live-Gespréich tëschent dem Elon Musk an dem Donald Trump op X 

Beim grouss annoncéierte Live-Gespréich um soziale Reseau X tëschent dem Elon Musk an dem republikanesche Presidentschaftskandidat Donald Trump gouf et vill technesch Problemer. De Livestream huet mat enger Dräivéierelsstonn Verspéidung ugefaangen an ass ëmmer nees ofgestierzt. Den Elon Musk huet behaapt, et hätt eng massiv Cyberattack op X ginn.

auto_stories

1 min

Musk Trump | ©  picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki
Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki

Deen amerikanesche Milliardär ass en deklaréierten Ënnerstëtzer vum Donald Trump an huet scho Millioune fir seng Walcampagne gespent. Säi Gespréich mam Donald Trump huet zwou Stonne laang gedauert. 

Den Elon Musk hat Twitter viru bal zwee Joer kaf an op X ëmgedeeft. Hien huet duerno sämtlech Konten, déi gespaart waren, wéinst ënner anerem der Verbreedung vu falschen Informatiounen, nees deblockéiert. Dorënner de Kont vum Donald Trump.