Radioen

On air

Notturno  |  Kim Myhr & Kitchen Orchestra - VI

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lieutenant-Representant: D'Aufgabe vum Grand-Duc iwwerhuelen

Groussherzoglechen Haff

Lieutenant-Representant: D'Aufgabe vum Grand-Duc iwwerhuelen

Den Ierfgroussherzog Guillaume kritt haut den Titel an d’Funktioun vum “Lieutenant-Representant" vum Grand-Duc. Doduerch kann den 69 Joer ale Grand-Duc Henri sengem eelste Fils Aufgaben iwwerdroen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© MGD / Kary Bathelmey play_arrow
Foto: MGD / Kary Bathelmey

D’Nominatioun vum 42 Joer ale Guillaume als Lieutenant-Representant gëtt de Mëtteg um dräi Auer am Palais vum Staatschef Henri a vum Regierungschef Luc Frieden ënnerschriwwen. Duerno um hallwer véier gëtt de Guillaume an enger ëffentlecher Chamberssitzung vereedegt.

De Guillaume wäert deen éischte Lieutenant-Representant sinn, deen an dëser Funktioun an der Chamber vereedegt gëtt, esou wéi déi reforméiert Verfassung vun 2023 dat virgesäit.

“De Lieutenant-Representant vum Grand-Duc iwwerhëlt seng Funktioun eréischt, nodeems hie virun der Chamber de follgenden Eed ofgeluecht huet: 'Ech schwieren, d’Verfassung an d’Gesetzer ze respektéieren a meng konstitutionell Attributiounen trei ze erfëllen.'“

Am Grondgesetz steet och, datt de Grand-Duc sech vun enger Persoun ka vertriede loossen. Datt hie sengem eelste Jong dës Funktioun elo am Oktober iwwerdréit, hat de Staatschef viru gutt dräi Méint bei der Zeremonie fir Nationalfeierdag an der Philharmonie ugekënnegt. De Grand-Duc Henri hat do gesot, datt hien un “eis jonk Generatioun” géif gleewen.

"An deem Kontext wëll ech mat der Grande-Duchesse, dem Prënz Guillaume an der Prinzessin Stéphanie, Iech matdeelen, datt ech decidéiert hunn, dësen Oktober dem Prënz Guillaume d’Lieutenance ze iwwerdroen. Mat all menger Léift a Vertrauen, wënschen ech him vu ganzem Häerzen eng glécklech Hand."

No der Vereedegung vum Guillaume de Mëtteg als Lieutenant-Representant wäert de Grand-Duc Henri de Staatschef bleiwen. D’Lieutenance gëllt als eng Iwwergangsphas bis zum Trounwiessel. Wéini Lëtzebuerg een neie Grand-Duc kritt, ass nach net gewosst.

Lauschterenplay_arrow