Radioen

On air

Spektrum  |  Rinocerose - Awake Feat. Benjamin Diamond

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Lëtzebuergeschen Indie-Rock deen amerikanesch Fans matsange léisst

Francis of Delirium zu New York

Lëtzebuergeschen Indie-Rock deen amerikanesch Fans matsange léisst

No enger Europa-Tour hu Francis of Delirium elo hir Concertstour an Nordamerika lancéiert. De Philip Crowther war déi jonk Lëtzebuergesch Band op New York kucken, an huet do begeeschtert amerikanesch Fans getraff, déi all Wuert matsange konnten.

auto_stories

5 min

headphones

5 min

Francis of Delirium New York | © Philip Crowther play_arrow
Francis of Delirium live zu New York. (Foto: Philip Crowther)

D’Band Francis of Delirium ass ville Léit hei am Land bekannt. Déi dräi Lëtzebuerger ronderëm déi 22 Joer al Jana Bahrich sinn dëser Deeg an Nordamerika op Tour. Dat no enger Europa-Tour déi gewisen huet, datt Francis of Delirium am Ausland e Begrëff ass. Hire melodeschen Indie-Rock huet si och op New York bruecht, wou si an der berüümter Mercury Lounge gespillt hunn.

Aussoen ewéi ...:

“It was amazing. It was so energizing. And I know all the words because I’m such a huge fan.”

... oder och ...:

“This is such an iconic venue, and this is one of those shows where I’m going to think about this years from now and say I saw that band at that club.”

... huet ee vill nom Concert héieren. D'Fans ware begeeschtert vu Francis of Delirium.

Eng aner Fankultur wéi an Europa

Esou héiert a fillt sech dann och villäicht een Duerchbroch un. De Moment wou et egal ass, datt een aus dem klenge Lëtzebuerg ass, an d’Lidder sech selbststänneg maachen. Esou Gefiller kommen zu New York op. Wann een et hei packt, da kann een et iwwerall packen, gëtt jo gesot.

Mee Francis of Delirium bleiwen um Buedem vun den Tatsaachen. D’Jana Bahrich (22), de Jeff Hennico (32), an den Denis Schumacher (27), treffen hir Fans an der Mercury Lounge nom Concert. Do, wou d’Strokes hier Carrière ugefaang hunn. Déi nämmlecht Bün, wou och schonn Interpol, Radiohead, a Lady Gaga gespillt hunn.

Jana Bahrich (22), den Denis Schumacher (27) an de Jeff Hennico (32). | © Philip Crowther
Jana Bahrich (22), den Denis Schumacher (27) an de Jeff Hennico (32). (Foto: Philip Crowther)

D'Jana Bahrich kann dann och direkt de Verlgach vun New York mat anere Plaze maachen.

“Hei ass op jiddwer Fall méi Oppenheet, géif ech soen. D’Léit freeë sech fir mat engem schwätzen ze kënne. Si spieren eng Verbindung, woubäi an Europa si zwar present si wärend dem Concert, mee dono sech awer och séier op de Wee maachen. Hei schwätze mir mat de Leit, si ëmaarmen eis. Et ass méi intim.”

De Jeff Hennico schwätzt iwwerdeems vun engem "krasse Gefill" wann hie gesäit, wéi d'Fans souguer Bréiwer fir d'Band schreiwen.

“Du mierks et ass eng Connection do, datt do reell Fans sinn, déi sech Zäit huelen, eppes doheem preparéieren, an déi sech villäicht schonn zwou Wochen op de Concert freeën. Dat ass einfach e krasst Gefill.”

"Et geet no vir"

Nom Concert gëtt den neien Album, den éischte Longplayer vu Francis of Delirium, verkaf. Eent vun de Liblingslidder och zu New York ass den Titel "Blue Tuesday", wou ënnert den 170 Leit e puer Dosen haart matsangen.

Et ass schonn déi zweet Tour an Nordamerika fir Francis of Delirium. No New York ass et op Washington gaang. Déi nächst Statioune si Chicago, Toronto, dann d’Westküst. D’Band lieft vun der Musek. Aarbechtsplazen als Enseignanten, zum Beispill, goufen zu Lëtzebuerg sacrifiéiert. Fir d'Jana Bahrich fillt sech d'Direktioun, an déi sech d'Band momentan beweegt, awer gutt un.

“Ech hunn d’Gefill, datt mir eréischt um Ufank vun der Band stinn. Mir sinn nach ëmmer eng jonk. kleng Band. Mee et geet no vir.”

De Concert virun Null Leit ass net vergiess

An trotz den Touren duerch Europa a Concerten zu New York oder Chicago,hir Wuerzelen huet d'Band net vergiess, wéi de Jeff Hennico betount.

“Also mir gesinn eis wierklech als eng Lëtzebuerger Band. Et ass och sou wéi mir eis ëmmer virstellen, a mir si stolz drop, an hoffen, datt och lo nei jonk Bands sech soen, datt et méiglech ass, an datt mir Leit inspiréieren.”

Si soen, datt si als Band de Sprong an d’kaalt Waasser hu misse maachen. Si akzeptéieren de Risiko a wëllen et wëssen. Mee egal wéi vill Erfolleg si wärend dëser Tour nach wäerten hunn, Francis of Delirium si prett fir Enttäuschungen.

D'Bandmemberen erënnere sech un eng lescht grouss Tour, no där si bei engem Festival zu Lëtzebuerg keen een Zuschauer haten. Schwéier sech dat virzestellen, wann een den Impakt vu Francis of Delirium an Nordamerika gesinn huet.

(Reportage: Philip Crowther)

Lauschterenplay_arrow


Kuckt Iech de Video vun eiser Aircheck Session mat Francis of Delirium un.

Francis of Delirium: 100,7 Aircheck Session from radio 100,7 on Vimeo.

Aktualitéit
Kultur
Musek
Concert
Rock a Pop