arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Regisseur Fränz Hausemer gewënnt Präis um Max Ophüls Filmfestival

an der Kategorie Documentaire

|
headphones

1 min

Lëtzebuerger Regisseur Fränz Hausemer gewënnt Präis um Max Ophüls Filmfestival

De Fränz Hausemer huet mat "Terre rouge – Topographie du poète" um Samschdegowend de Max Ophüls Präis an der Kategorie Documentaire gewonnen. Et wier e filmescht Monument iwwer Vergänglechkeet a Liewenskonscht, dat déif beréiert, esou d'Jury.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Oliver Dietze
(Foto: picture alliance/dpa | Oliver Dietze)

De Film geet ëm d‘Wierk an d‘Liewe vum Gast Rollinger, engem Escher Philosophiesproff, deen 2024 gestuerwen ass. Hie war och Dichter a Filmmécher. De Fränz Hausemer huet fir de Film iwwer de Gast Rollinger d‘Regie, de Montage an d‘Musek gemaach, an och d‘Dréibuch geschriwwen

Den Haaptpräis um Max Ophüls Filmfestival war iwwerdeem fir den däitsche Film "Gropiusstadt Supernova" vum Ben Voit.