De Premier Luc Frieden huet den Dënschdeg an der Chamber eng Motioun vun der Deputéiert vun déi gréng Sam Tanson zum Theema kommentéiert. Do war et weder ee Jo nach een Nee zum Accord.
D'Deputéiert Sam Tanson vun déi gréng wollt an éischter Linn wëssen, ob d'Regierung Konditioune setzt fir den Accord kënnen unzehuelen. Ëmmerhin géifen d'Baueren, d'Konsumenten an och d'Ëmwelt direkt Konsequenze vun dësem Accord ze spiere kréien. Et wier een als Gréng och fir fräien Handel.
"Mir wëllen allerdéngs net, datt esou Accorden zu Laaschte gi vun deenen, déi hei onst Iesse produzéieren."
Et misst och garantéiert sinn, datt Konsumente sech kéinten drop verloossen, datt Iesswueren och gewëssen Norme géifen entspriechen.
D'Regierung wëllt sech nach net festleeën
Him wier et wichteg, datt déi selwecht Reegele fir d'Importer géife gëlle wéi fir déi europäesch Produzenten, sou de Luc Frieden. Dofir géif hien an den nächsten Deeg och nach eemol mat de Baueren an den Industrievertrieder schwätzen. Et wier och wichteg, datt de Paräisser Klimaaccord mam Mercosur-Accord géif verknäppt ginn. Mee aktuell wier awer nach net all Punkt am Detail bekannt.
"Duerfir géif ech ofschléissend, Här President, soen, datt ech der Meenung sinn aus der Siicht vun der Regierung, datt déi Motioun vun der Madamm Tanson verfréit ass, well mer den Text jo net kennen. An et kann een net eppes ofleenen, wat een nach net ganz kennt."
Et kann een net säin Accord fir eppes ginn, wat een nach nët genee kennt, sou hat et an enger anerer Variant d'lescht Woch den Ausseminister Xavier Bettel formuléiert. D‘Regierung wëll sech deemno nach net festleeën a Spillraum behalen.