search

/ Lëtzebuerger Nationalspiller Seid Korac wiesselt bei Hellas Verona

Fussball

|
reading time

1 min

Lëtzebuerger Nationalspiller Seid Korac wiesselt bei Hellas Verona

Nom Danel Sinani wiesselt deen nächsten Nationalspiller an déi zweet italieenesch Divisoun. De Seid Korac wiesselt vum FC Venedeg bei Hellas Verona.

reading time

1 min

© Hellas Verona
(Foto: Hellas Verona)

Usech war de Verteideger mat Venedeg an déi héchsten italieenesch Spillklass opgestigen, wäert no sengem Wiessel awer elo d'nächst Saison an der zweetklasseger Serie B bleiwen. 

De Seid Korac wäert fir d'éischt op Verona ausgeléint ginn, dat awer verbonne mat enger Kaafflicht.