Radioen

On air

Notturno  |  Men I Trust - Show Me How

play_arrow Live
search

/ Lëtzebuerger Entitéit vu Goodyear viru Geriicht

Geplatzte Camionspneuen

Lëtzebuerger Entitéit vu Goodyear viru Geriicht

Goodyear Operations vu Colmer-Bierg huet den 13. Mee zu Besançon a Frankräich Rendez-vous virun engem Untersuchungsriichter. Dono kéint d’Firma wéinst Verkéiersaccidenter mat geplatzte Pneuen a Frankräich ugeklot ginn. Den Donneschdeg huet den zoustännege Procureur d’Lëtzebuerger Entitéit zesumme mat Goodyear Frankräich fir an engem knappe Mount op Besançon convoquéiert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / BEAUTIFUL SPORTS | BEAUTIFUL SPORTS/Gelhardt play_arrow
(Foto: picture alliance / BEAUTIFUL SPORTS | BEAUTIFUL SPORTS/Gelhardt)

Nieft méiglechem Doudschlag kréie Goodyear Operations a Goodyear Frankräich nach Täuschung iwwer wesentlech Qualitéite vun enger Wuer an ierféierend Geschäftspraktike virgehäit. Konkret geet et ëm 3 déidlech Verkéiersaccidenter a Frankräich, tëscht Juli 2014 an Abrëll 2016, déi am Ganze 4 Leit net iwwerlieft haten. 2016 war dowéinst eng Enquête zu Besançon opgemaach ginn, no der Klo vun enger Fra, där hire Mann, e Camionschauffeur, 2014 bei engem vun deenen 3 Accidenter gestuerwe war. Zanterhier schafft den zoustännegen Untersuchungsriichter op deenen 3 Dossieren. Am Mee zejoert war et an dësem Kontext och zu Perquisitioune bei Goodyear komm, ënner anerem am Grand-Duché.

Goodyear riskéiert héich Geldstrof vu maximal 16,6 Milliarden Euro

Bei deenen Accidenter war ëmmer de viischte lénke Camionspneu vum Typ “Marathon LHS II” oder “II+” betraff. Dës Pneue goufe vu Goodyear Operations zu Colmer-Bierg hiergestallt. Den drëttgréisste Pneueproduzent weltwäit, hanner Bridgestone a Michelin, riskéiert wéinst deene geplatzte Pneuen eng Geldstrof vu bis zu 10 Prozent vu sengem Ëmsaz. Zejoert louch deen am Ganze bei ronn 16,6 Milliarden Euro. Goodyear kritt reprochéiert, datt d’Firma Bescheed wosst iwwer e Produktiounsfeeler bei deene Pneuen. Hir Cliente wieren awer net do virdru gewarnt ginn. D’Fro steet am Raum, ob déi Accidenter vläicht hätte kënne verhënnert ginn, wa Goodyear déi incriminéiert defekt Pneuen zréckgeruff hätt. De Procureur vu Besançon geet op alle Fall vun enger systemescher Praxis vun Dissimulatioun aus. 4 aner Accidenter aus de Joren 2011 bis 2014 mat 3 Doudesaffer sinn iwwerdeems verjäert.

Lauschterenplay_arrow