Déi Kanner, déi an engem sozioekonomesch mei schwaachen Haushalt grouss ginn, spieren d'Ongläichheete bis an den Erwuessenenalter.
D'Direktesch vum LUCET, d'Sonja Ugen, betount iwwerdeems, datt et nach un Donnéeë feelt iwwer Kanner mat spezifesche Besoinen. Wat bis ewell awer aus den Donnéeë géif ervir goen, wier, datt d'Léierpersonal sech net forméiert genuch fillt fir mat Kanner mat spezifesche Besoinen ze schaffen.