Radioen

On air

Concert  |  Proffentrio aus dem Escher Conservatoire

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Léierpersonal gesäit sech am Beräich vun der Inklusioun net adequat forméiert

Nationale Bildungsbericht

Léierpersonal gesäit sech am Beräich vun der Inklusioun net adequat forméiert

D'Educatioun zu Lëtzebuerg steet virum Defi vun der Inclusioun. Dat geet aus dem 4. nationale Bildungsbericht ervir, dee gëschter um Méindeg vum Educatiounsministère an dem Fuerschungszentrum vun der uni.lu, dem LUCET, virgestallt gouf. De Problem ass, datt Zuele feelen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Klassesall | © Bigstock play_arrow
Foto: Bigstock

Inclusioun an der Schoul ass awer nëmmen da méiglech, wann d'Besoine vun deene betraffene Kanner bekannt sinn. A genee dës Informatioune feelen zu Lëtzebuerg, esou de Fazit vum Bildungsbericht, erkläert d'Sonja Ugen vum LUCET.

"Dës Donnéeë mussen entweder nach erhuewe ginn, respektiv an enger Datebank zesummen opgebaut ginn, fir dass ee weess, wéi vill Schüler:inne vu wat betraff sinn.”

Besoin fir weider Formatiounen

Op déi spezifesch Besoine vun de Schüler agoen heescht awer net just d'Besoine vun de Kanner identifizéieren, mee och d'Personal an de Schoulen. Dat heescht, an éischter Linn d'Proffen an de Schoulmeeschter oder d'Joffer mussen och wëssen, wéi si mat de betraffene Kanner ëmginn.

De Bildungsbericht stellt fest, datt d'Léierpersonal sech an dësem Beräich net adequat forméiert gesäit.

“Et schéngt e Besoin ze gi fir weider Formatioune fir déi professionell am Schoulsystem, fir datt si sech méi à l’aise oder fir datt si sech méi kompetent spiere fir Kanner mat spezifeschem Fërderbedarf ze ënnerstëtzen.”

D'Méisproochegkeet beuechten

Spezifesch Besoinen identifizéieren an dorop agoen ass wichteg, mee et ass awer net déi ganz Rechnung, esou d'Conclusioun vum Bildungsbericht. Wichteg ass och, zu wéi engem Zäitpunkt den Diagnostik stattfënnt. Dat géing de Rapport nämlech och weisen.

"Wéi wichteg et ass am Beräich vun de spezifesche Besoinen d’Méisproochegkeet en compte ze huelen. Zum Beispill mat ugepassten Instrumenter fir den Diagnostik, sou datt dëse méiglechst prezis ass, fir datt déi Kanner dann och déi ugepassten Hëllefstellunge kënne kréien."

D'Ekipp hanner dem Bildungsbericht wäert dësen an den nächste Wochen op verschiddene Plazen uechter d'Land presentéieren, ënner anerem virun der Commission de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse.

Iwwerdeems kënnt de Bildungsbericht zur d'Conclusioun, datt déi sozio-ekonomesch Differenzen tëschent de Kanner nach ëmmer déi gréissten Erausfuerderung fir den Educatiounsberäich duerstellen.

Lauschterenplay_arrow