Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Chromeo - Replacements Feat. La Roux

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerger Bauerenzentral: Versteesdemech fir déi däitsch Baueren

3.000 Trakteren elleng am Raum Tréier

Lëtzebuerger Bauerenzentral: Versteesdemech fir déi däitsch Baueren

Ronn 3.000 Traktere ware gëschter um Méindeg eleng an der Regioun Tréier ënnerwee, fir géint d’Agrarpolitik vun der däitscher Regierung ze protestéieren. Et war den Optakt vun enger ganzer Woch u Protestaktiounen, déi an enger grouss ugeluechter Demo zu Berlin den nächste Méindeg solle cumuléieren.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Stefan Puchner
(Foto: picture alliance/dpa | Stefan Puchner)

A ganz Rheinland-Pfalz ware gëschter um Méindeg eng 100 Protestaktioune mat ronn 10.000 Participante geplangt. An och am Saarland waren iwwer 1.000 Traktere bedeelegt. Et koum zu massive Perturbatioune vum Stroosseverkéier, och un de Grenziwwergäng. An do ware wuel och Lëtzebuerger Baueren derbäi, huet eis de Christian Wester confirméiert, de President vun der Lëtzebuerger Bauerenzentral.

De Versteesdemech wier awer grouss, fir déi däitsch Kolleegen, betount de Christian Wester. D‘Baueren a Wënzer an Däitschland protestéiere géint de geplangten Ofbau vu Subventiounen, wéi beispillsweis Vergënschtegunge fir Agrardiesel. Een Deel vun de Moossnamen huet d‘Regierung zu Berlin an Tëscht zeréck gezunn, mee dat geet de Baueren awer net duer.