Radioen

On air

Nei Musek  |  Eng Hal voller Maschinnen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zu Lëtzebuerg sinn d'Walbüroen zënter 2 Auer zou

Europawalen

Zu Lëtzebuerg sinn d'Walbüroen zënter 2 Auer zou

318.000 Wieler sinn haut zu Lëtzebuerg invitéiert hir Stëmm bei den Europawalen of ze ginn. Um 8 Auer de Moien haten d‘Walbüroen uechter d‘Land hir Dieren opgemaach, vun de Mëtteg zwou Auer un si se nees zou.

auto_stories

1 min

Walkabinn | © picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou
Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou

An der Course ëm déi 6 Lëtzebuerger Sëtz am Europaparlement sinn 78 Kandidaten, opgedeelt op 13 Lëschten. Dat ass e Rekord – et sinn nämlech 3 Lëschten an 18 Kandidate méi, wéi nach bei de leschten Europawalen 2019. Ronn ee Véierel vun den 78 Kandidaten hunn aktuell iwwregens schonn ee politescht Mandat – notamment fënnt een op de Lëschten 9 Deputéiert. Aktuell huet d’CSV 2 Sëtz vun de 6 Sëtz - d’DP, d’LSAP an déi Gréng jeeweils een. An déi spannend Fro ass, ob et dobäi bleift oder net.

Um Véierel op 8 Auer den Owend sinn éischt Héichrechnungen z’erwaarden, do virdru ginn et nëmme Prognosen.

D‘Resultater bei eis, wéi och soss uechter Europa gi publizéiert, wann och dee leschte Büro an den 27 EU Länner zou huet. Dat ass den Owend um 11 Auer, dann eréischt sinn och an Italien d‘Wale fäerdeg.


Mir halen Iech natierlech iwwer all Resultater um Lafenden, wa se bis do sinn. Um 6 Auer den Owend fänkt eng Walsendung op eiser Antenn un – si geet bis ongeféier hallwer 12 – bis mir da wuel d‘Resultater hei aus dem Land wëssen. An och de Méindeg de Moie wäert de Programm ganz am Zeeche vun dëse Wale stoen, mat Analysen a Reaktiounen.