Radioen

On air

Notturno  |  Tom Waits - Clap Hands

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerg stëmmt géint eng Verlängerung fir Glyphosat-Autorisatioun

Herbizid Glyphosat

Lëtzebuerg stëmmt géint eng Verlängerung fir Glyphosat-Autorisatioun

Lëtzebuerg géif géint d’Propose vun der Europäescher Kommissioun stëmmen, sou den Agrarminister Claude Haagen. D’Regierung wäert op der Basis vun de Resultater vun enger Etude evaluéieren, op Glyphosat op en Neits op nationalem Niveau verbuede soll ginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / blickwinkel / A. Hartl play_arrow
(Foto: picture alliance / blickwinkel / A. Hartl )

Fir datt d’Propose vun der Kommissioun iwwert déi Verlängerung vun der Autorisatioun duerchgeet muss eng qualifizéiert Majoritéit dofir stëmmen. Op déi zustane kënnt ass den Ament net kloer. Eng Source no bei der Kommissioun hat des Woch gesot, et hätt ee vill positiven Echo aus de Memberlänner fir eng weider Zouloossung krut.

Lëtzebuerg ass géint eng Verlängerung

D’Lëtzebuerger Positioun stéing fest a géif dogéint stëmmen, betount de Claude Haagen

Doriwwer, wat vun deenen anere Länner ze erwaarden ass, wollt de Landwirtschaftsminister net ëffentlech eppes soen.

“Et ass net u Lëtzebuerg, fir ze soen, ob een anert Land dogéint stëmmt, Dat mussen déi Länner scho selwer maachen. Mir sinn awer am Kontakt souwuel um Niveau vun de Verwaltungen, wéi vun de Ministeren.”

Etude iwwer d'Auswierkunge vum Glyphosat

Lëtzebuerg hat selwer den Asaz vum Herbizid am Joer 2020 verbueden, dee Verbuet gouf awer vum Verwaltungsgeriicht opgehuewen, nodeems den Hiersteller Bayer dogéint geklot hat. Et géif den Ament nees Glyphosat hei am Land agesat, sou de Minister. Wéi vill genee ass den Ament net gewosst

“Et ass awer esou, datt elo, wéi virum Verbuet ee Subside virgesinn ass, fir de Fall datt Glyphosat net agesat gëtt.”

D’Regierung huet eng Etude iwwer d’Auswierkunge vum Glyphosat an Optrag ginn, éischt Resultater léiche vir. Den Ëmwelt- an den Agrarministère wieren am gaangen se ze analyséieren. Wéini do mat wéilt un d’Ëffentlechkeet goen, kéint hien elo net soen, sou de Minister.

Op der Basis vun deene Resultater géif een dann och ënnersichen, ob wéi enger juristescher Basis een neien nationale Verbuet kéint ausgeschwat ginn.

D’Propose vun der Kommissioun gesäit vir, datt een EU-Land dat maache kann. Et muss een allerdéngs dee Schratt genee justifiéieren. 

Lauschterenplay_arrow