Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerg setzt op den Dialog mat Israel

Conseil vun den EU-Ausseminister

Lëtzebuerg setzt op den Dialog mat Israel

Zu Bréissel diskutéieren haut um Méindeg d’Ausseministeren aus de 27 EU-Memberstaaten iwwert d’Propos vum EU-Baussebeoptraagten Josep Borrell, de politeschen Dialog mat Israel op Äis ze leeën.

auto_stories

1 min

Foto: European Union

Den EU-Chefdiplomat bezitt sech op een Associatiouns-Accord tëscht der EU an Israel, an deem och festgehalen ass, datt Israel d’Mënscherechter respektéiere muss.

Et hätt een déi Propos zur Kenntnis geholl, sou de Lëtzebuerger Ausseminister an engem schrëftleche Statement. Et wier awer dovun auszegoen, datt et dofir keen Accord gëtt, sou de Xavier Bettel.

Reunioun ouni de Xavier Bettel

Hie selwer géif léiwer op den Dialog setzen, bei deem déi schwiereg Sujete kënnen ugeschwat ginn. Dowéinst wier et wichteg, datt de Conseil vum Associatiouns-Accord mat Israel esou séier wéi méiglech zesummekënnt. Do misst virun allem de Krich an der Gazasträif an am Libanon thematiséiert ginn, sou de Xavier Bettel, deen haut um Méindeg net op der Reunioun zu Bréissel mat dobäi ass.

D’Decisioun, de politeschen Dialog mat Israel op Äis ze leen, misst eestëmmeg vun de 27 EU-Länner geholl ginn. Et hate sech awer schonn am Virfeld vun der Reunioun vun haut eng Partie EU-Länner skeptesch par rapport zu där Propose geäussert.