Besonnesch staark betraff ass d’Regioun ronderëm d‘Haaptstad Caracas.
Och Lëtzebuerg hëlleft a Venezuela. Wéi de Kooperatiounsministère matdeelt, si gëschter Owend zwee Membere vum CGDIS senger Sektioun fir humanitär Hëllef mat engem Fliger vun der Air Rescue a Venezuela bruecht ginn.
Lëtzebuerg schéckt Experten an d'Katastrophegebitt
Si huelen e Satellitte-Kommunikatiouns-System mat dohin, fir d‘Kommunikatioun an der betraffener Regioun ze garantéieren, esou datt d‘ONGen op der Plaz hir Asätz an Aarbecht kënne maachen. D‘Käschte ginn zu 75 Prozent vun der EU an zu 25 Prozent vu Lëtzebuerg iwwerholl.
Haut fléien dräi weider Lëtzebuerger Experte vum humanitären Interventiounsteam a Venezuela.
Et gëtt iwwerdeems mat der Belsch driwwer diskutéiert fir eventuell eng weider koordinéiert Hëllef ze organiséieren.
De Satellitten Kommunikatiounssystem Emergency.lu gouf 2010 nom schlëmmen Äerdbiewen op Haiti an d’Liewe geruff. D’Zil ass et ee Kommunikatiounsreseau séier kënnen a Krisesituatiounen opzebauen.