Radioen

On air

Notturno  |  Use Knife - Ptolemaic

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ ​​​​​​​Lëtzebuerg géint eng méi zentral Kontroll um Kapitalmaart

EU-SOMMET

​​​​​​​Lëtzebuerg géint eng méi zentral Kontroll um Kapitalmaart

D‘EU soll méi kompetitiv ginn. Doriwwer diskutéieren d‘Staats- a Regierungscheffen. Als Diskussiounsvirlag déngt ee Rapport vum fréieren italieenesche Premier Enrico Letta. Dora gëtt eng méi staark Integratioun vum Finanzmarché an de Bannemaart proposéiert. Lëtzebuerg ass do net dogéint, huet awer Problemer domat, ze vill Kontroll u Bréissel ofzeginn.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: Europäesch Unioun

D’Europäesch Unioun muss Mesuren huelen, fir méi kompetitiv ze ginn. Dat wäerten d’EU-Staats- a Regierungscheffen haut esou schrëftlech festhalen. Der ëmmer méi grousser Konkurrenz aus China an den USA soll een europäeschen Investititounsplang entgéint gesat ginn.

„D’Chiffren weisen et. Mir wëssen, datt et de Gruef méi grouss gëtt wat d’Innovatioun an d’Investititiounen ugeet, tëscht eis an eise Partner an eise Konkurrente weltwäit.“, sou de Conseilspresident Charles Michel. Et geet an éischter Linn drëm de Bannemarché ze stäerken. Dat ass den Haaptmessage am Rapport vum Enrico Letta.

Mat der Haaptfro: Wéi de Finanzement vum Ëmbau op eng méi klimafrëndlech Industrie ka finanzéiert ginn.

Wou sollen d’Suen hierkommen? Am Pabeier vum Politikwëssenschaftler sti verschidden Iddien, a verschiddener sinn net onëmstridden. Zesumme Sue léinen, wéi no der Pandemie zum Beispill, oder d’Staatsbäihellef anescht organiséieren.

Kapital vu private Spuerer soll an der EU bleiwen

Et geet och drëm fir ze verhënneren, datt privat Kapital an d’Ausland geet. All Joer gi ronn 300 Milliarden Euro Kapital vu private Spuerer aus der EU an d’USA transferéiert.

„Il y a des milliards d’économies en Europe de citoyens. Comment peut-on faire en sorte que cet argent soit rémunéré correctement pour les épargnants et en même temps vienne soutenir le développement économique?“

Fir dogéint virzegoe misst d’Unioun vun de Kapitalmarchéë virun entwéckelt ginn. Duerch eng Harmonisatioun vun de nationale Reegele fir d’Betribsbesteierung oder de Faillitten, fir op deem Wee Investitioune méi liicht ze maachen.

Luc Frieden: Gemeinsam Reegele jo, méi zentral Kontroll nee

Dat kéinten d’Staats- a Regierungscheffen an de Konklusioune festhalen. Och, datt soll dofir gesuergt ginn, datt déi Kapitalmarchéeën um europäeschen Niveau méi schaarf iwwerwaacht ginn.

Do awer huet Lëtzebuerg ee Problem domat.

Gemeinsam Reegele jo, mee keng zentraliséiert Kontroll. Dat ass déi kloer Positioun vum Lëtzebuerger Premier Luc Frieden dozou.

„Et geet drëm, datt mir Suen zur Verfügung stelle fir kleng a Mëttelbetriber. Dat ass d'Iddi hannert der Kapitalmaartunioun. Duerfir brauch een net eng Iwwerwaachung ze maachen, déi op eng zentralistesch Aart a Weis 27 Länner ofdeckt. Mir wëssen, datt an de Länner dat op eng ganz effikass Aart a Weis ka gemaach ginn, esou laang d'Reegelen déi selwecht sinn. Duerfir brauch ee gemeinsam Reegelen. Mee mir gesinn net an, datt een nach méi Organisatioune sollt schafen, déi rëm eng Kéier ganz vill Sue kaschten, déi ëmmer ganz komplizéiert sinn an déi dat Zil vun der Kapitalmaartunioun net méi no bréngen.“

Lëtzebuerg, Irland a verschidden osteuropäesch Länner maachen hei Oppositioun an hu sech och dogéint gewiert, datt schrëftlech festgehale gëtt, datt een esou eng méi zentral Kontroll op EU-Niveau sollt forcéieren.

Onkloer, ob sech Lëtzebuerg duerchsetze kann

Wéi dat ausgeet, ass nach ongewëss.

„Ech hoffen, datt mir mat eisen Argumenter aner Länner iwwerzeege kënnen, an datt mir do e respektvollen Echange vu Vuen an dem europäesche Conseil hunn.“, sou de Luc Frieden. Egal wéi ginn elo just déi grouss Linne festgehalen. Konkret Decisioune gi keng geholl.

Wat de Rapport vum Enrico Letta ugeet, do dierf ee gespaant drop waarden, wat domat geschitt. Et gouf där Rapporten nämlech scho méi an de leschte Joren.

„J’ai toujours dit que le plus grand ennemi de mon rapport va être le tiroir.“

Am Tirang verschwannen, dat dierft net geschéien, sou de Luc Frieden. De Rapport géif an déi richteg Richtung, de Bannemaart ze stäerke wier d’Basis vum europäesche Projet.

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

 

Aktualitéit
Europa
International
Politik a Gesellschaft
Wirtschaft